Op den Inhalt sprangen

Wierbelkanal

Vu Wikipedia
E Broschtwierbel vun uewe gesinn. De Wierbelkanal ass op dem Bild net uginn; ass dat wäisst Lach an der Mëtt vun der Zeechnung.

De Wierbelkanal (lat.: canalis vertebralis), och nach Spinalkanal oder Réckemuerchkanal genannt, ass de Kanal an der Wierbelsail am Skelett vun de Wierbeldéieren, an deem d'Réckemuerch läit.

E verleeft laanscht d'"Kierpere" vun de Wierbelen an d'Bandscheiwen (op der Säit vum Bauch) an duerch d'Béi vun de Wierbelen (op der Säit vum Réck).[1]

De Wierbelkanal geet vum éischten Halswierbel duerch d'Hals-, Broscht- a Lendenwierbelsail bis zum Kräizbeen.

Beim Mënsch huet eng Verletzung vun der Integritéit vum Wierbelkanal, dacks als Konsequenz vun engem Wierbelbroch oder engem Bandscheiwevirfall, meescht schwéier Folgen. Duerch eng Schiedegung vum Réckemuerch kann eng Querschnittlämung optrieden.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DocCheck Flexikon: Spinalkanal