Op den Inhalt sprangen

Walter Scheel

Vu Wikipedia
Walter Scheel
Gebuer 8. Juli 1919
Solingen
Gestuerwen 24. August 2016
Bad Krozingen
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker
Partei Freie Demokratische Partei, NSDAP
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung

De Walter Scheel, gebuer den 8. Juli 1919 zu Höhscheid, haut eng Sektioun vu Solingen, a gestuerwen de 24. August 2016 zu Bad Krozingen, war en däitsche Politiker (FDP) an de véierte Bundespresident vun der Bundesrepublik Däitschland.

De Walter Scheel huet Ekonomie studéiert an ufanks a verschiddenen Entreprisen a Verbänn geschafft.

Vun 1948 bis 1950 war de Scheel Gemengeconseiller zu Solingen. Vun 1950 bis 1954 war hien Deputéierten am Landtag vun Nordrhein-Westfalen, a vun 1953 bis 1974 Deputéierten am Bundestag, vun deem e vun 1967 bis 1969 Vizepresent war. Vun 1956 bis 1961 war hien ausserdeem Member vum Europäesche Parlament.

Hie war vun 1961 bis 1966 Bundesminister fir wirtschaftlech Kooperatioun a vun 1969 bis 1974 Bundesminister des Auswärtigen (Ausseminister) a Vizekanzler. Nom Récktrëtt vum Bundeskanzler Willy Brandt, de 7. Mee 1974, war de Scheel Regierungschef faisant fonction, bis den Helmut Schmidt de 16. Mee 1974 zum Bundeskanzler gewielt gouf.

Dono war de Scheel vun 1974 bis 1979 Bundespresident.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Opposition als Auftrag. In: Liberal. 1967, Heft 8, S.575–580.
  • Opposition: Kritik und Kontrolle. In: Liberal. 1967, Heft 11, Seiten 806 bis 809.
  • Formeln deutscher Politik. 1968.
  • Warum Mitbestimmung – und wie?, 1970.
  • mam Karl-Hermann Flach a Werner Maihofer: Die Freiburger Thesen der Liberalen. Rowohlt, Hamburg 1972, ISBN 3-499-11545-X.
  • Hoch auf dem gelben Wagen – Schallplatte, 1974
  • Vom Recht des Anderen – Gedanken zur Freiheit. 1977.
  • Die Zukunft der Freiheit – Vom Denken und Handeln in unserer Demokratie. Econ, 1979.
  • Wen schmerzt noch Deutschlands Teilung? 2 Reden zum 17. Juni, Rowohlt, Reinbek 1986, ISBN 3-499-18346-3.
  • mam Otto Graf Lambsdorff: Freiheit in Verantwortung, Deutscher Liberalismus seit 1945. Bleicher, 1988, ISBN 3-88350-047-X.
  • mam Jürgen Engert: Erinnerungen und Einsichten. Hohenheim-Verlag, Stuttgart 2004, ISBN 3-89850-115-9.
  • TV-Duell 1969. In: Sascha Michel, Heiko Girnth (Hrsg.): Polit-Talkshows – Bühnen der Macht. Ein Blick hinter die Kulissen. Bouvier, Bonn 2009, S. 161–164.
  • mam Tobias Thalhammer: Gemeinsam sind wir stärker – Zwölf erfreuliche Geschichten über Jung und Alt. Allpart Media, Berlin 2010, ISBN 978-3-86214-011-4.
  • Hermann Otto Bolesch: Typisch Scheel. Geschichten, Anekdoten, Pointen. Bertelsmann, München/Gütersloh/Wien 1973, ISBN 3-570-02147-5.
  • Hans-Dietrich Genscher (Hrsg.): Heiterkeit und Härte: Walter Scheel in seinen Reden und im Urteil von Zeitgenossen. Deutsche Verlagsanstalt, Stuttgart 1984, ISBN 3-421-06218-8.
  • Walter Henkels: … aber der Wagen der rollt. Walter Scheel anekdotisch. Econ Verlag, Düsseldorf/Wien 1974, ISBN 3-430-14300-4.
  • Hans-Roderich Schneider: Präsident des Ausgleichs. Bundespräsident Walter Scheel. Ein liberaler Politiker. Verlag Bonn aktuell, Stuttgart 1975, ISBN 3-87959-045-1.
Wikiquote: Walter Scheel – Zitater
Commons: Walter Scheel – Biller, Videoen oder Audiodateien