Tunnel Rangwee
Ost-Afaart an den Tunnel Rangwee | |
Typ | Stroossentunnel |
---|---|
Strooss | Rangwee |
Eisebunnstreck | Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 60 m. |
Réier | 1 ( 1) |
Kapp 1 Koordinaten |
49° 35’ 06.2’’ N 06° 08’ 08.4’’ O |
Kapp 2 Koordinaten |
49° 35’ 06.2’’ N 06° 08’ 05.3’’ O |
Bau | |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Den Tunnel Rangwee ass e 60 Meter laangen Tunnel tëscht dem Rond-point Gluck zu Gaasperech an dem Rangwee um Houwald. En ass 2001 opgaangen. 2020-2021 koum en zweete Rouer derbäi, deen am Mäerz 2023 a Betrib geholl gouf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1967 war en éischte schmuelen, eespueregen Tunnel ënnert de Gleiser erduerch gebaut ginn. Deen Tunnel, deen ongeféier 30 Meter nërdlech vum haitegen ewech louch, ass 2001 zougemaach gi wëll en ze enk an an engem schlechten Zoustand war.
Den aktuellen Tunnel gouf vun der Bauverwaltung gebaut an huet eng Breet vun 13,70 Meter vun deenen zwou Spuere mat allkéiers 3,50 Meter fir de Stroosseverkéier reservéiert sinn. Den Tunnel huet eng maximal Héicht vu 4,5 Meter.
Op der südlecher Säit ass eng technesch Galerie iwwert déi - iwwert dem normale Stroossenniveau - e Foussgänger- a Vëloswee vun 3 Meter breet leeft. Dëse Wee féiert laanscht den Hiwwelpark an da queesch iwwer d'A3 a Richtung Gaasperech.
Iwwert den Tunnel lafen eng zéng Gleiser mat e puer Weichen, dorënner d'CFL-Streck 6 op Beetebuerg an d'Streck Lëtzebuerg Éiter.
Ausbau
[änneren | Quelltext änneren]Am Kader vun der nei geplangter Ëmgeeung vu Bouneweg, der N40, huet d'Chamber am August 2018 e Gesetz gestëmmt fir den Tunnel Rangwee ëmzebauen[1].
Dofir gouf en neien Tunnel gebaut, do wou den Tunnel vun 1967 zougetippt gi war. Deen huet, grad wéi deen alen, zwou Spuere vun am Ganze 7 Meter Breet. Op der nërdlecher Säit koum en dräi Meter breede Wee fir Foussgänger a Cyclisten derbäi.
D'Aarbechten hunn am Fréijoer 2020 ugefaangen a bis Enn 2021 gedauert. Fir de Verkéier ass den neien Tunnel awer eréischt den 12. Mäerz 2023 opgaangen, wéi d'Rue des Scillas ëmgebaut gouf[2][3]. De Verkéier gëtt bis 2024 bidirektional duerch den neie Rouer gefouert, bis d'Aarbechten ofgeschloss sinn an da ginn zwou Spueren duerch deen 'alen' Tunnel, déi vum haitege Rond-point a Richtung Houwald féieren, an zwou duerch deen neien an d'Géigerichtung.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Den alen Tunnel
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Afaart an den Tunnel vun der Gaasperecher Säit aus. Lénks dernieft gëtt den neien Tunnel gebaut.
-
Am Tunnel a Richtung Houwald. Riets de Foussgänger- a Vëloswee.
-
Aus dem Tunnel op de Rond-point Gluck gekuckt.
Schantje fir den neien Tunnel
[änneren | Quelltext änneren]-
Den neien Tunnel gouf am Viraus aus arméiertem Bëtong gegoss…
-
… an duerno op seng Plaz geréckelt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tunnel Rangwee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 21 août 2018 relative à la réalisation du pôle d'échange Howald et du réaménagement de la rue des Scillas op legilux.lu
- ↑ Le futur tunnel Rangwee, cette pièce d'un vaste puzzle. Luxemburger Wort - Edition francophone (2021-03-29). Gekuckt de(n) 2021-04-10.
- ↑ (fr)Trafic Info - Chantier Rangwee à partir du 12.03.2023. vdl.lu. Gekuckt de(n) 08.03.2023.