Tony Scott
Tony Scott | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anthony David Leighton Scott |
Gebuer | 21. Juni 1944 |
Gestuerwen | 19. August 2012 |
Doudesursaach | Sprangen |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA |
Educatioun | Royal College of Art |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller, Televisiounsproduzent, Regisseur |
Famill | |
Geschwëster | Ridley Scott |
Den Tony Scott, gebuer den 21. Juli 1944 zu North Shields, Tynemouth, Northumberland, England, a gestuerwen den 19. August 2012 zu San Pedro, Los Angeles, Kalifornien, USA, war en englesche Filmregisseur, deen haaptsächlech Actionfilmer gedréint huet.
Hie war de klenge Brudder vum Ridley Scott.
No de Kuerzfilmer One Of The Missing a Loving Memory, engem Tëleesfilm an e sëllege Reklamms-Spotten huet den Tony Scott 1983 mat The Hunger säin éischte Kinofilm realiséiert. Säin zweete Film, Top Gun mam Tom Cruise, war säi gréisste Succès an ee vun den erfollegräichste Filmer vun den 1980er Joren.
Weider Filmer bei deenen e Regie gefouert huet, waren ë. a. Revenge, Days of Thunder, Last Boy Scout, True Romance, Crimson Tide, Enemy of the State, The Taking of Pelham 123 an Unstoppable.
Hien huet mat sengem Brudder Ridley eng Produktiounsfirma, Ridley Scott Associates (RSA) gegrënnt, déi zwéin hunn 1995 och d'Shepperton Studios kaf, déi deemools a schlechten Dicher stouchen, an eng weider Produktionsfirma, Scott Free Productions op d'Bee gesat.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1969: One of the Missing (Kuerzfilm)
- 1971: Loving Memory (Kuerzfilm)
- 1971: RHM Mother's Pride Supermarket Raid 87670 (Kuerzfilm)
- 1983: The Hunger - Haaptacteuren: Catherine Deneuve, David Bowie, Susan Sarandon
- 1986: Top Gun - Haaptacteuren: Tom Cruise, Kelly McGillis, Val Kilmer
- 1987: Beverly Hills Cop II - Haaptacteuren: Eddie Murphy, Judge Reinhold, Jürgen Prochnow
- 1990: Revenge - Haaptacteuren: Kevin Costner, Anthony Quinn, Madeleine Stowe
- 1990: Days of Thunder - Haaptacteuren: Tom Cruise, Nicole Kidman, Robert Duvall
- 1991: Last Boy Scout - Haaptacteuren: Bruce Willis, Damon Wayans, Chelsea Field
- 1993: True Romance - Haaptacteuren: Christian Slater, Patricia Arquette, Dennis Hopper
- 1995. Crimson Tide - Haaptacteuren: Denzel Washington, Gene Hackman, Viggo Mortensen
- 1996: The Fan - Haaptacteuren: Robert De Niro, Wesley Snipes, Ellen Barkin
- 1998: Enemy of the State - Haaptacteuren: Will Smith, Gene Hackman, Jon Voight
- 2001: Spy Game - Haaptacteuren: Robert Redford, Brad Pitt
- 2002: Beat the Devil (Kuerzfilm)
- 2004: Man on Fire - Haaptacteuren: Denzel Washington, Dakota Fanning, Christopher Walken
- 2004: Agent Orange (Kuerzfilm)
- 2005: Domino - Haaptacteuren: Keira Knightley, Mickey Rourke, Jacqueline Bisset
- 2006: Déjà Vu - Haaptacteuren: Denzel Washington, Paula Patton, Val Kilmer
- 2009: The Taking of Pelham 123 - Haaptacteuren: Denzel Washington, John Travolta, John Turturro
- 2010: Unstoppable - Haaptacteuren: Denzel Washington, Chris Pine
TV
[änneren | Quelltext änneren]- 1974: Nouvelles de Henry James (TV-Serie) (1 Episod)
- 2007: The Hunger (TV-Serie) (2 Episoden)
- 2007: Numb3rs (TV-Serie) (1 Episod)