Teleskop
D'Wuert Teleskop staamt aus dem algriicheschen τηλε (téle) „wäit“ an σκοπεῖν (skopéin) „observéieren“.
Et bezeechent am Allgemengen Instrumenter, déi Elektromagnetesch Welle sammelen a bëndelen, fir och Objeten, déi wäit ewech leien, z'observéieren oder vergréissert ofbilden ze kënnen. De Begrëff "Teleskop" geet also iwwer déi optesch Astronomie (siichtbart Liicht, UV an Infrarout) eraus bis zum Beräich vu Röntgen- a. Radiostralung.
D'Teleskop soll 1608 vum Hans Lippershey entwéckelt gi sinn, nach ier de Galileo Galilei et e Joer méi spéit fir Stärenobservatioun gebraucht huet.
Nom Peter Borell sollen awer de Zacharias Janssen a säi Papp déi richteg Erfinder vum Teleskop sinn (1610) an den Hans Lipperhey eréischt duerno en Teleskop gebaut hunn, nodeem hie Kenntnes vun der Janssen-Erfindung kritt hat.[1]
Zum Begrëff "Teleskop"
[änneren | Quelltext änneren]De Begrëff "Teleskop" gëtt dacks weider verallgemengert op net-ofbildend Systemer wéi
- Teleskope fir d'Observatioun vu kosmescher Stralung,
- Neutrinoteleskopen, oder souguer
- Gravitatiounswellenteleskopen.
Weider gëtt den Teleskopbegrëff och fir optesch Baugruppe gebraucht, déi net dozou déngen, Géigestänn, déi wäit ewech sinn, z'observéieren. En Teleskop kann z. B. fir d'Vergréissere vum Stralenduerchmiesser vu Laserstrale gebraucht ginn, fir de Stral iwwer grouss Distanzen iwwerdroen ze kënnen oder deem seng Leeschtungsflossdicht ze verklengeren.
Teleskopaarten
[änneren | Quelltext änneren]Jee no dem Frequenzspektrum oder Wellelängteberäich vun der elektromagnéitescher Stralung ënnerscheet een tëscht:
- Röntgenteleskopen
- opteschen Teleskopen (Lënsen- a Spigelteleskopen)
- Infraroutteleskopen an
- Radioteleskopen.
Vun de Weltraumteleskopen ofgesinn, si s'op d'Wellelängte vun der astronomescher Fënster ugewisen, an deenen d'Stralung vun der Atmosphär vun der Äerd net oder wéineg absorbéiert gëtt. Eng méiglechst klimatesch dréche Plaz déi héich läit ass dobäi vu Virdeel.
Bedeitend Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]Teleskope fir siichtbart Liicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi zurzäit gréisst optesch Teleskope mat Haaptspigelduerchmiesser iwwer 8 m sinn
- Déi zwéi Keck-Teleskope vum Mauna-Kea-Observatoire
- Déi véier Teleskope vum Very Large Telescope (VLT) an der Atacamawüst am Chile
- D'Gemini-Teleskopen op Hawaii an am Chile
- De Subaru-Teleskop op Hawaii
- Den Hobby-Eberly-Teleskop an Texas
- De Southern African Large Telescope (SALT) a Südafrika
- De Gran Telescopio Canarias op La Palma
- De Large Binocular Telescope (LBT) an Arizona. (2007 fäerdeggestallt)
Historesch bedeitend war ënner anerem:
- Den Hale Teleskop um Palomar-Bierg a Kalifornien
Besonnesch Bauarten
[änneren | Quelltext änneren]Wat gehéiert bei en Teleskop?
[änneren | Quelltext änneren]- Okular
- Barlowlëns
- Herschelkäil
- Sonnefilter
- Faarffilter
- Blend (Optik)
- CCD-Kameraen
- Webcameraen
- Montéierung
- Sichteleskop
- Polsicher
- Okularauszuch
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Teleskopen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Peter Borell. De vero Telescopii Inventore, cum brevi omnium conspiciliorum historia, Hague, 1655