Sender vu Beidler
Ausgesinn
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Jonglënster |
Koordinaten |
49° 43’ 49.2’’ N 06° 19’ 15’’ O |
De Sender vu Beidler war ee Laangwellesender vun RTL. E steet tëscht Bruch a Beidler laanscht d'Beidlerbaach um Flouer genannt Lee an am Bruch op enger Héicht vun 265 m (NG-L).
Chronologie
[änneren | Quelltext änneren]- 1972 Éischt Laangwellesendunge mat 1400 kW
- 1974 D'Anlag gëtt op 2000 kW verstäerkt
- 1981 Eng nei Noutstroumanlag kënnt bäi
- 1994 Eng nei 2000 kW Installatioun mat zwéin THOMSON-CSF TRE 2175 Senderen
Am Oktober 2022 huet RTL bekannt gemaach, dass d'Ausstralungen op der Laangwell den 31. Dezember 2022 géifen ophalen.[1] Als Grond goufen den CO2-Bilan an déi héich Energiekäschte genannt.[2] Esou kéinte 6000 MWh pro Joer gespuert ginn.[3] Schlussendlech gouf nach bis an den 1. Januar 2023 eragesendet, bis um 1:00 Auer endgülteg ofgeschalt gouf. Zu deem Zäitpunkt ass et nach onkloer, wat mat mam Sender an den Antenne geschéie soll.
Sendanlag
[änneren | Quelltext änneren]- 2 Thomson-CSF TRE 2175 MES jiddweree mat enger Ausgangsleeschtung vun 1000 kW.
- 2 Thomson-CSF TRE 2170 jiddweree mat enger Ausgangsleeschtung vun 1000 kW
- Frequenz: 234 kHz
Masten
[änneren | Quelltext änneren]- 3 ofgespaant stole Gittermaste vun enger Héicht vun 290 m
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Herzog, Marc, 1999. Der Sender. nos cahiers - Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. Nr. 3 (1999), S. 181-198.
- Herzog, Marc & Eugène Muller, s.d. [2006]. Der Sender (RTL). In: Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg, 264 S.: S. 79-85.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sender vu Beidler – Biller, Videoen oder Audiodateien |