Schabloun:Op engem 29. September
Ausgesinn
- 855: Doud vum réimesch-däitsche Keeser Lothaire I.
- 1547: Gebuert vum spuenesche Schrëftsteller Miguel de Cervantes.
- 1573: Den italieenesche Moler Michelangelo Merisi da Caravaggio kënnt op d'Welt.
- 1758: De britteschen Admirol Horatio Nelson gëtt gebuer.
- 1931: Gebuert vun der schweedescher Schauspillerin Anita Ekberg.
- 1938: D'Münchener Ofkommes gëtt ënnerschriwwen, mat deem Frankräich a Groussbritannien dem Hitler zougestinn, d'Sudeteland z'annektéieren.
- 1941: Beim Massaker vu Babi Jar bei Kyiv gi méi wéi 33.000 Judde vun der däitscher Wehrmacht, Police an SS ermuert.
- 1982: Den Aeroflot Fluch 343 verongléckt bei der Landung um Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel, 7 Leit kommen ëm d'Liewen.