Saskatchewan
Saskatchewan | |||||
| |||||
Devise: Multis e Gentibus Vires | |||||
All Provënzen an Territoirë vu Kanada | |||||
Land: | Kanada | ||||
Haaptstad: | Regina | ||||
Gréisst Stad: | Saskatoon | ||||
Premierminister: | Scott Moe (SP) | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 7. Plaz 651.900 km² 9,1 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 6. Plaz 1.033.381 (2011) 1,75/km² | ||||
Deel vu Kanada ginn: | 1. September 1905 | ||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Zäitzon: | UTC-6 | ||||
Postcode: | SK |
De Saskatchewan ass eng Provënz am Süde vum Kanada. De Saskatchewan gehéiert zanter dem 1. September 1905 zu der Kanadescher Konfederatioun. Den Numm kënnt vum Saskatchewan River, dat sengersäits vu Kisiskatchewani Sipi, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Cree, hierkënnt, an dat Floss dee séier leeft bedeit.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Saskatchewan grenzt am Norden un d'Nordwest-Territoiren, am Süden un d'US-Bundesstaaten North Dakota a Montana, am Westen un Alberta an am Osten u Manitoba.
Saskatchewan ass mat 651.036 km² ongeféier sou grouss wéi Frankräich, d'Benelux-Staaten an d'Schwäiz zesummen, huet knapps 1 Millioun Awunner an deemno nëmmen eng Bevëlkerungsdicht vun 1,6 Awunner pro km² (2006). 13,2 Prozent vun den Awunner sinn Indianer oder Mëschlengen (2001). Saskatchewan huet deemno vun alle kanadesche Provënzen de gréissten Undeel vun Indianer an der Gesamtbevëlkerung.
Gréisst Stied
[änneren | Quelltext änneren]Déi gréisst Stied sinn (a Klammeren d'Awunnerzuel am Joer 2011):
- Saskatoon (222.189)
- Regina (193.100)
- Prince Albert (35.129)
- Moose Jaw (33.274)
- Yorkton (15.669)
- Swift Current (15.503)
- North Battleford (13.888)
- Estevan (11.054)
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]De Banken- a Versécherungsekteur (17%), sou wéi och Pëtrol an Äerdgas (13%), sinn déi Branchen, déi am meeschten Ëmsaz maachen. Am Weste vun der Provënz si grouss Äerdgasfelder. D'Landwirtschaft, d'Fëscherei an d'Juegd maachen nëmme 6,5% vum PIB aus, obwuel e groussen Deel vun der Provënz aus Bëscher an Akerland besteet.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Bléck op d'Skyline vu Saskatoon
-
De Saskatchewan River
-
Vue op de St. Victors Petroglyph Provincial Park
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- www.gov.sk.ca (Offiziell Homepage)
Commons: Saskatchewan – Biller, Videoen oder Audiodateien |