Op den Inhalt sprangen

Roude Fuuss

Vu Wikipedia
Roude Fuuss
E Fuuss

E Fuuss
E Fuuss
Aner Sproochen: de: Rotfuchs
fr: Renard roux
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Hënn
Ënnerfamill: Echt Fiiss
Gattung: Vulpes
Wëssenschaftlechen Numm
Vulpes vulpes
Carl von Linné, 1758

De Roude Fuuss (Vulpes vulpes) ass e Fleeschfrësser aus der Famill vun den hondsaartegen Déieren. Hien ass doduerch Famill mat de Wëllef, den Hënn, de Schakalen an de Kojoten.

De Fuuss gehéiert zu deene Mamendéieren déi op der Welt am wäitste verbreet sinn. E kënnt praktesch op der ganzer Nordhallefkugel vir an zanter dem 19. Joerhonnert ass en och an Australien ze fannen. An de Bierger fënnt een de Fuuss bis op 1.800 Meter an ausnamsweis souguer bis op 4.000. De Fuuss huet eng grouss Upassungsfäegkeet, a sou fënnt een e sou gutt an de Bëscher wéi op der Gewan, awer och a Mueren an e kënnt bis an d'Dierfer an d'Stied eran. Et ass deemno e Kulturfolger deen och zu Lëtzebuerg iwwerall ze fannen ass.

D'Sozialverhale vun de Fiiss ass ganz verschidden a flexibel an ännert mam Liewensraum a mat de Liewenskonditiounen. Et gëtt keng Aussoen iwwer en Territorialbehuelen a se schéngen nëmme ganz labber sozial organiséiert ze sinn. An der Reegel begéint ee s'eleng, a si si besonnesch bei der Fudderjuegd Eenzelgänger. Zesumme gesäit ee Fiiss héchstens an der Ranzzäit an deelweis bei der Opzuucht vun de Welpen. E Ruddelverhale wéi bei de Wëllef, fir z. B. zesummen ze joen oder den Territoire ze verdeedege gëtt et bei de Fiiss net. Familljeverbänn goufe bis elo nëmmen op der brittescher Insel observéiert.

Déi grouss Flexibilitéit vum Fuuss huet och d'Resultater vun de veschidde Moossname fir d'Populatioun erofzesetzen, besonnesch bei der Tollwutbekämpfung an den 1960er an 1970er Joren, op e strikte Minimum reduzéiert. D'Baubegasung huet kee grousst Resultat bruecht, well d'Fiiss déi meescht Zäit guer net am Bau sinn. De Bau gëtt nëmme bewunnt wa ganzt schlecht Wieder ass, am Wanter wann den éischte Schnéi fält, wärend der Ranzzäit an an der Zäit wou déi Jong eropwuessen. Den haaptsächlech nuetsaktive Fuuss zitt sech am Dag an e protegéierte Leeër zeréck, wéi Mullen am Bësch oder am Gestrëpps a rascht dann do.

E jonke Fuuss

Och wann d'Féchsin am Januar / Februar nëmmen e puer Deeg hëtzeg ass, sou dauert awer déi ganz Ranzzäit e puer Wochen. D'Féchsin gëtt an där Zäit vum Ridd courtiséiert, deen op Schratt an Tratt bei hir bleift. D'Koppelung ka bis zu 30 Minutten daueren, a geschitt meeschtens am Bau. D'Féchsin dréit tëscht 51 an 53 Deeg an déi Jong komme gewéinlech tëscht Enn Mäerz a Mëtt Mee op d'Welt. E Worf huet tëscht 3 a fënnef, och alt mol sechs Jonker, déi e bronggroe Pelz an d'Gréisst vun engem Maulef hunn. Duerno ginn d'Welpen op d'mannst 8 Woche vun der Mudder geniert an an där Zäit schleeft de Ridd d'Fudder erbäi. No ongeféier dräi Woche fänken déi Kleng un Zänn ze maachen. Vun do u friesse se dann am Ufank Fleesch dat déi Al virverdaut hunn an nees erausgewiergt hunn. Um Enn vun der Nierperiod fänken déi Jonk scho kleng Déieren, besonnesch Insekten. Déi Jonk bleiwen da bis August, och alt mol bis an de Februar, bei der Mudder, a fänken dann un hiert eegent Revéier ze sichen.

Säin typescht Ausgesinn huet de Fuuss haaptsächlech wéinst sengem roude Pelz dee vu wäissen a schwaarze Partien ënnerbrach ass. D'ënnescht Gebéck, d'Strass an d'Broscht an dacks d'Schwanzspëtzt si wäiss. D'Récksäit vun den Oueren, d'Patten an déi viischt Säit vun de Leef si schwaarz gefierft. Nieft der typescher rouder Faarf gëtt et der awer och déi ganz hell gefierft kënne sinn, oder bis bal schwaarz (Kuelebrenner). Am Hierscht kritt de Fuuss en décke Wanterpelz deen en nees am Fréijoer verléiert an da méi e kuerze Summerpelz kritt.

De Fuuss gëtt ongeféier 1,30 Meter laang a kritt eng Schëllerhéicht vu ronn 40 cm. De buuschtege Schwanz mécht ronn en Drëttel vun der Längt aus.

D'Mudder (Féchsin) ass am grousse Ganze méi kleng wéi de Ridd a weit an der Moyenne 5 kg. De Ridd gëtt tëscht 6 an 10 kg schwéier.

De Fuuss gëtt gewéinlech 2 bis 4 Joer al, awer a Gefaangenschaft kënne se bis 12 Joer al ginn.

De Fuuss ass en Iwwerdréier vun der Tollwut an de Wiert vum Fuussbandwuerm, deem seng Larven, wa se vum Mënsch opgeholl ginn, déi liewensgeféierlech Alveolär Echinokokkos ausléisen.

  • de Fuuss maust, e fänkt Mais déi on onse Géigenden 90% vu senger Grondernierung ausmaachen.
  • de Fuuss jäizt, jault oder kräischt, e billt net.

De Fuuss zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Vum Abrëll 2015 u gouf d'Juegd op de Fuuss zu Lëtzebuerg fir d'éischt verbueden. An deenen zwéi Joer duerno, an och 2019 gouf de Verbuet jee ëm ee Joer verlängert.[1],[2]

2016 gouf gemellt, datt beim Ënnersiche vun 148 Kadavere vu Fiiss - déi meescht vun hinne waren op der Strooss iwwerfuer ginn - festgestallt gouf, datt een Drëttel vun hinne mam Fuussbandwuerm parasitéiert war an datt keen d'Tollwut hat.[1] 2021 war nëmmen méi een Fënneftel vun den Fiiss mam Bandwuerm befall.[3]

  • Füchse in Luxemburg 76 Säiten, Naturverwaltung Lëtzebuerg, 2015.
Commons: Fiiss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 jug, 2016. Fuchsjagdverbot um ein Jahr verlängert. Staatssekretär Camille Gira: Keine negativen Auswirkungen festgestellt. Luxemburger Wort vum 15. Dezember 2016, S. 22
  2. Luxemburger Wort vum 12. Februar 2019, S. 19
  3. Bulletin technique de l'administration de la nature et des forêts en matière de gestion de la faune sauvage et de chasse - numéro 9 Säit 41