Op den Inhalt sprangen

Rashaff

Vu Wikipedia
Rashaff
An anere Sproochen fr: Rashof
de: Rashof
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Luerenzweiler
Buergermeeschter Marguy Kirsch-Hirtt
(Är Leit)
Koordinaten 49° 42’ 14’’ N
      06° 09’ 53’’ O

De Rashaff ass e Lieu-dit an der Gemeng Luerenzweiler am Kanton Miersch.

Den Haff gëtt net méi als Bauerewiese gefouert, an d'Gebaier, bis op d'Wunnhaus, si verlount.

De Rashaff läit zirka 200 m nërdlech vu Blaaschent, an engem Hank op enger Héicht vun 361 m, um hallwe Wee tëscht dem Duerf an dem Härebësch.

Déi eelste Quellen iwwert en Haff op dëser Plaz sinn op 1581 und 1640 datéiert, déi eelst erhale Bausubstanz ass aus dem 17. Joerhonnert. Uechter d'Zäit gouf e schrëftlech als Rauchshof, Rachshof, Rasshoff, Rahshoff, Raashoff, Rashov, Rashoff a Rashof.[1] Déi (inkorrekt) Schreifweis Raashaff fënnt een och nach doruechter.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. INPA, Inventarisierung, S.126.