Radolfzeller Aach
D'Radolfzeller Aach (och nach Radolfzer- an Hegauer Aach genannt) ass en 32 km lange, rietsen Niewefloss vum Rhäin a Baden-Württemberg am Süde vun Däitschland.
De Laf vum Floss
[änneren | Quelltext änneren]De Floss entspréngt zu Aach op 475 m an dem sougenannten Aachtopf, der gréisster Quell an Däitschland. Duerno leeft d'Aach duerch den Hegau, mat ville Naturschutzgebidder, ënner anerem d'Radolfzeller Aachried an Aachmëndung.
Am Ufank leeft se no Süde bis op Singen, wou se dann no Osten dréint fir tëscht Radolfzell am Bodensse a Moos an den nordwestlechen Deel vum Untersee ze lafen. Si huet op der Mëndung eng Offlossquantitéit vun 10 Km³ an der Sekonn (Moyenne).
Wou hëlt se d'Waasser hier ?
[änneren | Quelltext änneren]D'Radolfzeller Aach kritt hiert Waasser aus engem Gebitt dat ronn 261 km² grouss ass.
Wann een d'Quell, déi näischt anescht ass wéi den ënnerierdeschen Offloss vun der Donauversickerung, mat dobäi rechent kënnt e bei Vollversickerungsdeeg op 1.560 km².
Hydrologie
[änneren | Quelltext änneren]Fréier gouf d'Kraaft vun der Baach déi ganz vill Waasser huet a séier leeft, benotzt fir e ganze Koup Millen unzedreiwen. Hautdesdaags stinn och nach en ettlech Waasserkraaftwierker op hiren Uwänneren. An der Lescht goufen en ettlech Renaturéierungen um Laf vum Floss realiséiert z. B. e Sedimentfank zu Beuren an der Aach.
Uertschafte laanscht de Floss
[änneren | Quelltext änneren]Volkertshausen, Beuren an der Aach, Hausen an der Aach, Singen, Rielasingen-Worblingen a Radolfzell am Bodensee.
| ||
Aach | Argen | Bregenzer Ache | Dornbirner Ache | Leiblach | Linzer Aach | Radolfzeller Aach | Rotach | Schussen | Steinach | ||
Kuckt och: Bodensee | Rhäin | Flëss an Däitschland |