R Coronae Borealis
Ausgesinn
R Coronae Borealis | |
---|---|
Numm | R Coronae Borealis |
Stärebild: | Corona Borealis CrB |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 15 h 48m 34.415s |
Deklinatioun | 28° 09' 24.30" |
visuell Magnitude | 5,89 mag |
Spektralklass: | G0Iab:pe |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (24,8 ± 0,8) km/s |
Aner Bezeechnungen | |
Bonner Duerchmusterung | 28° 2477 |
Bright Star Catalogue | HR 5880 |
Henry-Draper-Katalog | 141527 |
Hipparcos-Katalog | HIP 77442 |
SAO-Katalog | SAO 84015 |
Tycho-Katalog | TYC 2039/1605/1 |
Den R Coronae Borealis (kuerz R CrB) ass en eruptiv verännerleche Stär am Stärebild Corona Borealis an ass e Stär vun der 6. Gréisst. Seng Hellegkeet ass onreegelméisseg a fält an zäitweis op déi 14. Gréissteklass erof.
Den R Coronae Borealis ass e waasserstoffaarme rouden Iwwerris mat enger kuelestoffräicher Atmosphär. D'Hellegkeetsoffäll si warscheinlech op ausgestousse Rouschtwolleken zeréckzeféieren, déi d'Photosphär vum Stär verdecken. Domat gëllt den R Coronae Borealis als Prototyp-Stär fir d'Klass mam selwechten Numm vun eruptive verännerleche Stären.
Kuckt och
[Quelltext änneren]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- G. C. Clayton: The R Coronae Borealis Stars, Publications of the Astronomical Society of the Pacific, v.108, p. 225