Puy de Sancy
Ausgesinn
De Puy de Cancy ass en ale Vulkan am Biergmassiv vun de Monts Dore, am Departement Puy-de-Dôme (Frankräich).
Mat enger Héicht vun 1.885 Meter ass de Puy de Sancy déi héchst Spëtz am Massif central. E gehéiert zu de Strato-Vulkaner, huet sech am Tertiär entwéckelt an ass zanter 220.000 Joer net méi aktiv.
Véier Däller lafe vum Puy de Sancy aus:
- Chaudeffour (nord-ëstlech)
- Fontaine salée (westlech)
- Dordogne (nërdlech)
- Biche (südlech)
Um Fouss ass d'Quell vun der Dore a vun der Dogne, déi nodeem se zesummegelaf sinn d'Dordogne forméieren.
Et gëtt zwou Skistatiounen:
Vun der Stad Mont Dore féiert eng Strooss op de Bierg. Duerno geet et entweeder zu Fouss (eng Stonn) oder mat der Seelbunn (3 Minutten). Op d'Spëtz selwer féiert eng "Trap" (20 Minutten).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Puy de Sancy – Biller, Videoen oder Audiodateien |