Op den Inhalt sprangen

Pol Greisch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pol Greisch
Gebuer 8. Abrëll 1930
Walfer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Schrëftsteller, Dramatiker, Filmschauspiller, Dichter, Dréibuchauteur
Member vun A:LL Schrëftsteller*innen, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband
Famill
Bestuet mat Juliette François
Kanner Cary Greisch

De Pol Greisch, gebuer den 8. Abrëll 1930 zu Walfer, ass e lëtzebuergesche Schauspiller an Auteur.

Zanter 1953 huet de Pol Greisch, dacks zesumme mat senger Fra, der Juliette François, déi 2007 gestuerwen ass, a franséisch-, däitsch- oder lëtzebuergeschsproochegen Theaterstécker gespillt. Nieft de Stécker schreift hie Prosa a Gedichter. Hie gouf fir seng Wierker ë. a. zweemol hannereneen mam Präis vum Nationale Literaturconcours (1979, 1980), zweemol mam Servais-Präis (1993, 2013) a mam Batty-Weber-Präis (2002) ausgezeechent.

De Pol Greisch ass Member vum Institut grand-ducal a war Vizepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

De Pol Greisch ass de Papp vum Gittarist Cary Greisch.

Theaterstécker

[änneren | Quelltext änneren]
  • Äddi Charel (1966)
  • Besuch (1969)
  • Ënnerwee (1978)
  • Grouss Vakanz (1980)
  • Viru mam Jabel (1981), opgeféiert 1978 am Neien Theater
  • Margréitchen (1986)
  • E Bucki (1983), Eenakter
  • De laangen Tour (1988)
  • E Stéck Streisel (1992)
  • Kellerzerwiss (1992)
  • E Platten (1995)
  • Léiwe Kleeschen (1997)
  • Aarme Louder (1998)
  • Eng Heemelmaus (1999)
  • Wanter (2000)
  • Kiischtebléien (2002. Uropféierung: 27. 2. 2003)
  • Fënsterdall, Première am TNL de 14. November 2008

Autobiographesches

[änneren | Quelltext änneren]
  • Fir meng Mamm. Aus engem laange Bréif, 2000

De Schauspiller

[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Fiche am autorenlexikon.lu