Paul Wegener
Paul Wegener | |
---|---|
Gebuer | 11. Dezember 1874 |
Gestuerwen | 13. September 1948 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur |
De Paul Wegener, gebuer den 11. Dezember 1874 zu Arnoldsdorf (Westpreisen), haut Jarantowice (Polen), a gestuerwen den 13. September 1948 zu Berlin, war en däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
Hie war dat jéngst vun de fënnef Kanner vum Textil-Fabrikant Otto Wegener a senger Fra, der Anno Wolff.
No sengem Abitur, 1894, studéiert de Wegener Droit, fir d'éischt zu Freiburg (Breisgau) dann zu Leipzig.
1912 fänkt de Wegener un, sech mam Film ze beschäftegen. Fir déi däitsch Bioscop entwéckelt hie mam Hanns Heinz Ewers an dem Kameramann Guido Seeber d'Dréibuch fir den Der Student von Prag, deen an de Studioe vun der Bioscop zu Babelsberg an zu Prag gedréit gouf. De Regisseur war den Dän Stellan Rye. De Film gëtt e risege Succès, an et ass mam Max Mack sengem Der Andere dat éischt Konschtwierk vum Däitsche Film.
De Paul Wegener huet a méi wéi 60 Filmer als Schauspiller matgewierkt, an huet a 19 Filmer Regie gefouert.
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1945: Kolberg, vum Veit Harlan
- 1945: Der Fall Molander, vum Georg Wilhelm Pabst
- 1942: Diesel, vum Gerhard Lamprecht
- 1942: Der große König, vum Veit Harlan
- 1939: Das unsterbliche Herz, vum Veit Harlan
- 1935: ...nur ein Komödiant, vum Erich Engel
- 1932: Das Geheimnis um Johann Orth, vum Willi Wolff
- 1928: Alraune, vum Henrik Galeen
- 1927: Svengali, vum Gennaro Righelli
- 1926: Dagfin, vum Joe May
- 1926: The Magician, vum Rex Ingram
- 1925: Lebende Buddhas, vum Paul Wegener
- 1922: Lucrezia Borgia, vum Richard Oswald
- 1922: Das Weib des Pharao, vum Ernst Lubitsch
- 1920: Der Golem, wie er in die Welt kam, vum Carl Boese a Paul Wegener
- 1920: Sumurun, vum Ernst Lubitsch
- 1919: Madame DuBarry, vum Ernst Lubitsch
- 1915: Der Golem, vum Henrik Galeen a Paul Wegener
- 1913: Der Student von Prag, vum Stellan Rye
- 1913: Evinrude, vum Stellan Rye
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Paul Wegener – Biller, Videoen oder Audiodateien |