P Cygni
Stär P Cygni | |
Stärebild: | Cygnus (Cyg)
|
Daten (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 20h 17m 47,202s |
Deklinatioun | 38° 01' 58,55" |
Visuell Magnitude | 4,8 mag; variabel mat Amplitud vun zirka 0,2 mag |
Spektralklass: | B1 Ia |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (−8,9 ± 0,8) km/s |
Parallax | ? mas |
Distanz | zirka 6000 bis 7000 Lj |
Absolut Hellegkeet | −8,6 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 30 bis 60 M☉ |
Radius: | 76 R☉ |
Liichtkraaft: | 560000 bis 950000 L☉ |
Uewerflächentemperatur | 18000 bis 20000 K |
Aner Bezeechnungen | |
Bayer-Bezeechnung | P Cygni |
Bonner Duerchmusterung | BD 37° 3871 |
Bright Star Catalogue | HR 7763 |
Flamsteed-Bezeechnung | 34 Cygni |
Henry-Draper-Katalog | HD 193237 |
Hipparcos-Katalog | HIP 100044 |
SAO-Katalog | SAO 69773 |
Tycho-Katalog | TYC 3151/3442/1 |
soss nach | Nova Cygni 1600 |
Bis an d'17. Joerhonnert war de Stär P Cygni onbekannt. Hie gouf fir d'éischt den 18. August 1600 vum Willem Blaeu, engem hollänneschen Astronom, Mathematiker a Kartograph observéiert. Sechs Joer laang ass de Stär dann ëmmer méi däischter ginn, bis een en am Joer 1626 net méi mat bloussem A konnt gesinn. Vu 1655 bis 1662 war en dann nees ze gesinn. Bis 1715 huet seng Hellegkeet dann ëmmer nees variéiert. Am Laf vun der Zäit krut hien du seng haiteg Hellegkeet vu 4,8 mag ± 0,5.
De P Cygni ass en Hyperris mat der Spektralklass B2 Ia a läit zirka 6000 bis 7000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass ee vun den hellste Stären aus eiser Mëllechstrooss. Déi genee Bestëmmung vu senger Distanz ass schwiereg, well seng Parallax nëmmen 0,52 dausendstel Bousekonnen (Hipparcos-Miessung) ass.
Wéinst senge spronghaften Hellegkeetsschwankunge gouf de P Cygni och dacks als „permanent Nova“ bezeechent, woubäi säin tatsächlecht Verhalen awer net mam Verhalen vun enger richteger Nova iwwereneestëmmt.
Liichtkräfteg blo Verännerlecher wéi de P Cygni si ganz rar an hunn nëmmen eng kuerz Liewensdauer. Et fënnt ee s'och nëmmen an Deeler vu Galaxien, an deenen et intensiv Stäregebuertsprozesser gëtt. Wéinst hirer Mass (zirka 50 Sonnemassen) an dem intensiven Energieverloscht (zéngdausendmol méi hell wéi d'Sonn) ass de Kärbrennstoff vu sou Stäre séier um Enn. No en ettleche Millioune Joer stierwen déi Stären als Supernova. D'Supernova SN 2006gy war warscheinlech d'Enn vun engem LBV-Stär wéi de P Cygni.
No dësem Stär ass de P-Cygni-Profil vu Spektrallinne genannt.
Kuckt och
[Quelltext änneren]