Op den Inhalt sprangen

Nues

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dëm Sënnesorgan. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Nues (Homonymie).
Nues vun enger Fra
Schwéngsnuesen

D'Nues (Nasus) ass e Sënnesorgan vum Mënsch an den anere Wierbeldéieren an zielt zu den ieweschten Otemweeër am Ootmungsapparat. Se besteet aus den Nueslächer (Nares) an der Nueshiel (Cavum nasi), dem éischten Deel vun den Otemweeër.

Bei de Mënschen an de meeschten anere Mamendéieren ass d'Nues an der Mëtt vum Gesiicht oder op der viischter Spëtzt vun der Maul. D'Nasalregioun (Regio nasalis) stéisst uewen un d'Stier, säitlech un d'Orbitalregioun (Aen) an ënnen op d'Regioun ëm de Mond. An der Déierenanatomie gëtt zousätzlech nach tëscht der säitlecher Regioun (Regio lateralis nasi), der Regioun vum Nuesréck (Regio dorsalis nasi) an der Regioun vun den Nueslächer (Regio naris) ënnerscheet.

Hannert der Nueshiel läit d'Strass (Pharynx), déi an d'Luftröre an an d'Speiseröre iwwergeet.

Eng Entzündung vun der Nuesschläimhaut gëtt als Rhinite (oder Coryza) bezeechent. Eng Rhinite zesumme mat enger Sinusite, der Entzündung vun der Schläimhaut vun den Nuesniewenhielen, ass eng Rhinosinusite.

Krankheete vun der Nues falen an de Beräich vun der Ouer-, Nues- an Halsmedezin (Oto-Rhino-Laryngologie).

Commons: Nues – Biller, Videoen oder Audiodateien