NGC 6397
Foto mat dem Wide Field Imager (WFI) vun der ESO 2,2 m Teleskop um La-Silla-Observatoire | |
Stärebild | Ara (Ara) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 17h 40m 41.4s |
Deklinatioun | - 53° 40' 25.3" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 5,7 mag. mag |
Wénkelduerchmiesser | 25,7' |
Physikalesch Donnéeën | |
Gehéiert zu | Mëllechstrooss |
Routverrécklung | ( 6,30 ± 0,03) ∙ 10-5 |
Radialvitess | ( 18,9 ± 0,1) |
Geschicht | |
Entdecker | Nicolas-Louis de Lacaille |
Entdeckungsdatum | 1751 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
1736-536 | |
NGC | 6397 |
ESO | 181-SC4 |
GCl | 74 |
Den NGC 6397 ass e Kugelstärekoup am Stärebild Ara. Den NGC 6397 huet en Duerchmiesser vu 25,7 Bouminutten an eng visuell Magnitude vu 5,70 mag.
Den NGC 6397 ass den zweetnooste Kugelstärekoup no dem M 4. Am Géigesaz zum M4 gëtt de Kugelstärekoup awer net vun enger interstellarer Wollek verdonkelt, soudatt d'Eenzelstären am NGC 6397 méi liicht z'observéiere sinn. Hie gëtt dofir ganz dacks zesumme mat dem M4 fir wëssenschaftlech Ënnersich benotzt. Bei engem vun dësen Ënnersich gouf zoufälleg tëscht de Stäre vum NGC 6397 eng elliptesch Galaxie fonnt, déi ongeféier 1 Milliard Liichtjoer wäit ewech ass. Déi Galaxie ass hirersäits nees vun engem Schwaarm vu ronn 200 Kugelstärekéip ëmginn. Dobäi handelt et sech ëm déi bis elo wäitst Usammlung vu Kugelstärekéip.