NGC 457
Date vum NGC 457 | |
---|---|
Objettyp | Oppene Stärekoup |
Stärebild | Cassiopeia (Cas)
|
Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 01h 19m 35s |
Deklinatioun | 58° 17' 12" |
Ausgesinn | |
Klassifikatioun | I 3 r |
Visuell Magnitude | 6,4m |
Wénkelduerchmiesser | 13' |
Stären | ongeféier 80 |
Hellste Stär | 8,6m |
Faarfexzess E(B-V) | 0,472 mag |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zum | Perseus-Arm, Mëllechstrooss |
Distanz | ongeféier 8000 Liichtjoer |
Absolutten Duerchmiesser | ongeféier 30 Liichtjoer |
Alter | ongeféier 20 Millioune Joer |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 457, OCl 321, C 0115 580, Mel 7, Cr 12, Lund 43, Raab 3, H VII-42, h 97, GC 256 |
Den NGC 457 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Cassiopeia. Den NGC 457 huet en Duerchmiesser vun 13' an eng visuell Magnitude vu 6,4 mag. Domat zielt den NGC 457 zu den hellste Stärekéip am Stärebild Cassiopeia an zu den hellsten oppene Stärekéip, déi net am Messier-Katalog opgefouert sinn. Opgrond vu sengem Ausgesinn gëtt de Stärekoup och mat dem Spëtznumm Eilekoup oder ET-Koup genannt. Den hellste Stär ass de Phi Cassiopeiae, wouduerch de Koup geleeëntlech och als Phi-Cassiopeiae-Koup bezeechent gëtt. Zesumme mat Phi Cassiopeiae stécht HD 7902 däitlech ervir an déi zwéi Stäre maachen zesummen d'"Ae" vum Koup. Allerdéngs handelt et sech warscheinlech souwuel beim Phi Cassiopeiae wéi och beim HD 7902 ëm Stären, déi net Member vum Stärekoup sinn. Den NGC 457 läit am Perseus-Aarm vun der Mëllechstrooss, ongeféier 9500 Liichtjoer vun der Äerd ewech. D'Ausdehnung vum Stärekoup gëtt op ongeféier 30 Liichtjoer, säin Alter op ronn 20 Millioune Joer geschat. Den NGC 457 gouf 1787 vum Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) NGC 457 bei SEDS
Commons: NGC 457 – Biller, Videoen oder Audiodateien |