Op den Inhalt sprangen

Mostra internazionale d'arte cinematografica

Vu Wikipedia
De rouden Teppech vum Venedeger Filmfestival am Joer 2018

De Filmfestival vu Venedeg, offiziell Mostra internazionale d'arte cinematografica, ass e Filmfestival, deen all Joer am August oder September an der italieenescher Stad Venedeg organiséiert gëtt. Et ass den eelste Filmfestival op der Welt a gëllt als ee vun de wichtegsten an Europa, nieft deem zu Cannes an zu Berlin.

De Filmfestival ass en offiziellen Deel vun der Biennale di Venezia.

D'Mostra internazionale d'arte cinematografica gouf 1932 vum Geschäftsmann a Politiker Giuseppe Volpi an d'Liewe geruff. Hie war dunn de President vun der Biennale di Venezia. Dat Joer war déi zweet Biennale, déi ënnert der deemoleger faschistescher Regierung organiséiert gouf. Déi éischt Editioun war nach keng Kompetitioun, an deen éischte Film, dee gewise gouf, war den amerikaneschen Dr. Jekyll and Mr. Hyde vun 1931.[1]

D'Kompetitioun gouf zwee Joer drop bei der zweeter Editioun agefouert, bei där 19 Länner Deel geholl hunn. De Präis war d'"Coppa Mussolini" (Mussolini-Coupe). Si gouf fir de beschten italieeneschen an de beschten auslännesche Film verdeelt. Wéinst dem grousse Succès vum Festival ass e vun 1935 un all Joer organiséiert ginn. Am deem Joer gouf och de Präis fir déi bescht Schauspillerin an de beschte Schauspiller agefouert, d'"Coppa Volpi", déi nom Grënner vum Festival benannt ass an deen Numm bis haut dréit.

Nom Zweete Weltkrich, 1947, gouf d'"Coppa Mussolini" ofgeschaaft an duerch en neie Präis fir de beschte Film ersat. De Präis heescht haut "Leone d'Oro", oder "Gëllene Léif".[1] Domat gouf och d'Differenzéierung tëscht dem italieeneschen an dem auslännesche Film ofgeschaaft.

1968 hu Studenten ugefaangen, géint d'Biennale vu Venedeg a wat si als Kommerzialiséierung vun der Konscht empfonnt hunn ze protestéieren. Dowéinst goufen tëscht 1969 an 1979 keng Präisser verdeelt, wat dem Ruff vum Festival geschuet huet.[1]

Am fréien 21. Joerhonnert goufen dunn erëm iwwer 150 Filmer gewisen a méi wéi 50.000 Persounen hunn um Festival deelgeholl.[1]

Zu den anere Präisser, déi wärend dem Filmfestival verdeelt ginn, gehéieren den Éierepräis fir d'Liewenswierk ("Leone d'oro alla carriera", zënter 1971), de Präis fir déi bescht Regie ("Leone d'argento", zënter 1990), de Präis fir de beschten Nowuessschauspiller oder déi bescht Nowuessschauspillerin ("Premio Marcello Mastroianni" tëscht 1998), de Präis fir de beschten LGBT-Film ("Queer Lion", zënter 2007), an de Spezialpräis vun der Jury ("Premio speciale della giuria", zënter 2013).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Encyclopaedia Britannica: Venice Film Festival vum John M. Cunningham (13. August 2010)