Op den Inhalt sprangen

Memor II

Vu Wikipedia

De Memor II ass e Sécherheets- a Vitesskrontrollsystem um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz. Et ass eng verbessert Editioun vum belsche Memorsystem, an deem Sënn datt en eng forcéiert Bremsung ka provozéieren.

E gouf 2004 installéiert a gëtt 2017 mam, vun do un, obligatoreschen ETCS ersat.

Fonctionnement

[änneren | Quelltext änneren]

De System besteet aus zwou Komponenten, wouvun déi eng u Bord vun der Zuchmaschinn oder um Steierwon installéiert ass, an déi aner eng Buedemkomponent ass, déi aus de sougenannte Krokodiller besteet, déi zesumme mat den Haapt- a Virsignaler funktionéiert. D'Virignaler si mat engem Krokodil ekipéiert an d'Haaptsignaler mat zwee.

  • Bei Virsignaler (oder och Luesfuerpanneauen), déi Halt oder Luesfaart annoncéieren, steet d'Krokodil ënner enger Spannung vun 20 Volt. D'Bordkomponent vum Memor II vergläicht d'Vitess mat enger Bremskurv no där de Lokführer den Zuch no 800 Meter op eng Vitess vun ënner 60 km/h ofgebremst muss hunn, soss kritt den Zuch eng Zwangsbremsung. No deenen 800 Meter ass d'Iwwerwaachung eriwwer an da kann de Lokführer theoreetesch erëm d'ursprénglech Vitess fueren; et ass also keng wierklech Sécherheet garantéiert.
  • Haaptsignaler si mat zwee Krokodiller am Maximalofstand vun 11 Meter bestéckt. Wann d'Signal Faart oder Luesfaart affichéiert, dann ass dat éischt Krokodil mat -20 Volt alimentéiert an dat zweet ass ofgeschalt. Wann den Zuch laanscht d'Signal fiert erkléngt a verschiddenen Zich (z. B. dem Dosto) e Gong, a wann d'Signal virdru mat Luesfaart annoncéiert gouf, gëtt d'Iwwerwaachung ofgeschalt. Wann d'Signal zou (rout) ass, läit u béide Krokodillen eng Spannung vu 20 Volt un. Soubal wéi den Zuch déi zwee Krokodiller passéiert huet leet d'Bordkomponent eng Zwangsbremsung an.