Mamer
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Mamer. Fir de Waasserlaf mam Numm Mamer kuckt wgl. Mamer (Baach) |
Mamer | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Mamer de: Mamer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Mamer |
Buergermeeschter | Luc Feller (CSV) |
Awunner | 4.887 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 294 m |
Koordinaten |
49° 37’ 38’’ N 06° 01’ 22’’ O |
Mamer ass eng Uertschaft am Kanton Capellen an den Haaptuert vun der Gemeng Mamer.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Mamer läit am Dall vun der Mamer, westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen. Ronderëm leie Kielen am Norden, Stroossen a Bartreng am Osten, an Dippech am Süden, Holzem a Capellen am Westen.
Duerch Mamer leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Ëmgéigend vu Mamer war schonns an der Réimerzäit besidelt; op der Grenz mat Bartreng gouf et e Vicus. Dëse war entstanen, well Mambra eng Relaisstatioun (Raschtplaz) um Kiem vun Arolorum (Arel) op Augusta Treverorum (Tréier) war. De Vicus war eng 12 ha grouss, an et goufen do ë. a. Thermen. De Site mat de Reschter dovu gouf den 8. Oktober 1973 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesch Thermen zu Mamer.
Nobäi gouf ausserdeem 2009-2011 bei archeologesche Fuerschungen um Schantge vun der Fly-over-Bréck an engem Pëtz honnerte vu Schanken aus där Zäit fonnt, vu Schluechtoffäll an Déierekadaveren (an och Mënschen) déi do dragehäit goufen, dorënner och, wat éischter siele fir dës Géigend ass, 173 Skelettdeeler vun engem Dromedar. D'Déier war e Männchen, a 6-7 Joer al.[2] 2024 goufe Këschte voll 2.000 Joer al Kiischtekären fonnt, ewéi och Schongfragmenter, Planzen- an Holzreschter.[3]
Mamer gëtt an engem Schenkungsakt vum 8. Abrëll 960, an dem d'Gräfin Liutgardis, d'Uertschaft Mambra, déi si vun hiren Eltere Wigerich a Kunigunde geierft hat, un d'Klouschter Sankt Maximin vun Tréier verschenkt, fir d'éischt schrëftlech ernimt.
1495 ginn zu Mammeren 38 Stéit mat Feierplaze gezielt.[4]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Fräizäit zu Mamer
[änneren | Quelltext änneren]Zu Mamer, an an der noer Ëmgéigend gëtt et en Netz vun Trëppelpied dat eng Totallängt vun 41 Kilometer huet. Nieft dem Circuit autopédestre am Juckelsbësch deen 9 Kilometer laang ass, sinn déi aner 6 gezeechent Pied tëscht 3,7 a 6,3 km laang. Eng Kaart mat den Trëppelpied kann een op der Mamer Gemeng gratis kréien.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Pompjeeë Gemeng Mamer
- Kierch Mamer
- Kulturzentrum Kinneksbond
- Nicolaus Mameranus
- F.C. Mamer 32
- Lycée Josy-Barthel Mamer
- Mamer velo
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Franziska Dövener, Carola Oelschlägel, Hervé Bocherens: "Kamele im westlichen Treverergebiet – ein nahezu vollständig erhaltenes Dromedar aus dem vicus Mamer-Bartringen (Luxemburg)." In: Archäologentage Otzenhausen 4, Archäologie in der Großregion – Beiträge des internationalen Symposiums zur Archäologie in der Großregion in der Europäischen Akademie Otzenhausen vom 23.-26.03.2017. Nonnenweiler, 2019, S.187-204.
- ↑ Këschteweis 2.000 Joer al Kiischtekären, Decouverte zu Mamer stellt Archeologe viru Rätsel. rtl.lu (14.10.2024). Gekuckt de(n) 14.10.2024.
- ↑ Dénombrements des feux des duché de Luxembourg et comté de Chiny