Kamtschatka
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Hallefinsel Kamtschatka. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kamtschatka (Homonymie). |
Kamtschatka (russesch: Камчатка) ass eng Hallefinsel an Nordostasien. Si gehéiért zu der Regioun Kamtschatka am Federatiounskrees Fären Osten vun der Russescher Federatioun.
1996 gouf d'Vulkanregioun vu Kamtschatka, déi gréisstendeels als Naturpark deklaréiert ass, vun der UNESCO als Weltnaturierfschaft ausgeruff.
D'Hallefinsel ass eng 1200 km laang a bis zu 450 km breet. Si ass ronn 275.000 km² grouss, wat ongeféier der Hallschecht vun der Fläch vu Frankräich entsprécht. Et ass déi gréissten Hallefinsel an Ostasien a läit tëscht dem Beringmier an dem Nordpazifik am Osten an dem Ochotskesche Mier am Westen. Si erstreckt sech vun Ostsibirien no Süden; a Richtung Japan ass hir Fortsetzung d'Inselkette vun de Kurilen.
Déi gréisste Stad op Kamtschatka, Petropawlowsk-Kamtschatski, an der Awatscha-Bucht, ass ee vun de gréissten Naturhäfen op der Welt.
Op Kamtschatka ginn et eng 29 aktiv Vulkaner (vun am ganze méi wéi 160) a vill Geysiren. All Joers gëtt et an der Moyenne eng hallef Dosen Eruptiounen. Deen héchste vun hinnen, an och héchste Punkt vun der Hallefinsel, ass de Vulkan Kljutschewskaja Sopka, dee 4750 m héich ass. E läit eppes ofgeleeë vun der Sredinny-Biergketten, déi der Längt no vun Norden no Süden duerch d'Hallefinsel geet. Aner bekannt Vulkaner sinn: Tolbatschik, Kambalny, Awatschinskaja Sopka, Schiwelutsch, Besymjanny, Itschinskaja Sopka a Maschkowzew.
Dee gréisste Floss ass de 758 km laange Kamtschatka. En huet seng Quell an der Sredinny-Biergketten, a leeft vun do, op hirer ëstlecher Säit, no Norden, an dann no Osten tëschent de Vulkaner Kljutschewskaja Sopka a Schiwelutsch erduerch an de Pazifik.
Néng vun den eelef Rajone vun der Regioun Kamtschatka leien op der Hallefinsel Kamtschatka.