Jules Dassin
Jules Dassin | |
---|---|
Den Joe Dassin an, op riets, de Jules Dassin (1970) | |
Gebuertsnumm | Julius Dassin |
Gebuer |
18. Dezember 1911 Middletown |
Gestuerwen |
31. Mäerz 2008 Athen |
Doudesursaach | Gripp |
Nationalitéit | USA, Frankräich, Griicheland |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Theaterregisseur, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Melina Mercouri |
Kanner | Joe Dassin, Julie Dassin |
De Jules Dassin, gebuer als Julius Dassin, den 18. Dezember 1911 zu Middletown am Connecticut (USA), a gestuerwen den 31. Mäerz 2008 zu Athen (Griicheland) am Alter vu 96 Joer, war en US-amerikanesche Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]De Jules Dassin war eent vun den aacht Kanner vun engem aus Russland ausgewanderte Coiffer, dem Samuel Dassin a senger Fra der Berthe Vogel.
Seng Kandheet huet hien, nodeem seng Famill Middletown verlooss hat, zu Harlem (New York) verbruecht. Do ass hien op d'Morris High School gaangen.
Am Ufank vun den 1930 Joren ass hie Member vun der amerikanescher kommunistescher Partei ginn. Am Joer 1939 ass en erëm aus der Partei ausgetratt. Duerch seng Memberschaft an der kommunistescher Partei war hien nom Zweete Weltkrich en Affer vum McCarthyismus an ass op d'Schwaarz Lëscht vun Hollywood gesat ginn. Duerno ass hien an Europa an den Exil gaangen.
1933 huet de Jules Dassin sech mat der ungarescher Violonistin Béatrice Launer bestuet. Zesummen hate si dräi Kanner, e Jong de Sänger Joe Dassin an zwee Meedercher d'Richelle an d'Julie, dat och an e puer Filmer als Schauspillerin ze gesi war.
Um Festival vu Cannes huet de Jules Dassin 1954 d'Melina Mercouri begéint, an en huet e puer Filmer mat hir gedréint. En huet sech 1962 vu senger éischter Fra scheede gelooss. 1966 huet hie sech du mat der Melina Mercouri bestuet. Aus politesche Grënn hu si Griicheland musse verloossen. Spéider no der Militärdiktatur, si si erëm zëck a Griicheland gaangen, wou d'Melina Mercouri, da spéider Kulturminister gouf.
Filmcarrière
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1941 bis 1949 huet de Jules Dassin zu Hollywood Filmer wéi Brute Force, The Naked City a Thieves Highway fir d'Filmstudioe Metro-Goldwyn-Mayer, Universal an 20th Century Fox gedréint. Duerno huet de McCarthyismus seng amerikenesch Filmcarrière zerstéiert.
Am Joer 1954 krut hien eng zweet Chance a Frankräich mam Film Du rififi chez les hommes. Zu Cannes um Filmfestival krut hien 1955 mat dësem Film de Präis fir déi bescht Regie.
Mat de Filmer Pote tin kyriaki (Jamais le dimanche) (1960) an Topkapi (1964) hat hie seng gréisst Succèsen.
1968 mat Up Tight huet de Jules Dassin fir d'éischt erëm e Film a sengem Heemechtsland gedréint
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1941: The Tell-Tale Heart, (Kuerzfilm)
- 1942: Nazi Agent, mam Conrad Veidt
- 1942: The Affairs of Martha, mam Marsha Hunt
- 1942: Reunion in France, mam Joan Crawford an John Wayne
- 1943: Young Ideas, mam Herbert Marshall a Mary Astor
- 1944: The Canterville Ghost, mam Charles Laughton a Robert Young
- 1946: A letter for Evie, mam Marsha Hunt a Hume Cronyn
- 1946: Two Smart People, mam Lucille Ball an John Hodiak
- 1947: Brute Force, mam Burt Lancaster a Charles Bickford
- 1948: The Naked City, mam Barry Fitzgerald
- 1949: Thieves Highway, mam Richard Conte a Valentina Cortese
- 1950: Night and the City, mam Richard Widmark an Gene Tierney
- 1955: Du rififi chez les hommes, mam Jean Servais a Carl Möhner
- 1957:Ο Χριστός ξανασταυρώνεται (Celui qui doit mourir), mam Melina Mercouri a Pierre Vaneck
- 1958: La legge, mam Gina Lollobrigida a Pierre Brasseur
- 1960: Pote tin Kyriaki (Never on Sunday) (Ποτέ την Κυριακή), mam Melina Mercouri a Jules Dassin
- 1962: Phaedra, mam Melina Mercouri an Anthony Perkins
- 1964: Topkapi, mam Melina Mercouri, Peter Ustinov a Maximilian Schell
- 1966: 10:30 P.M. Summer, mam Melina Mercouri a Romy Schneider
- 1968: Comme un éclair (Hamilchama al hashalom), Dokumentarfilm
- 1968: Up Tight, mam Raymond St. Jacques a Roscoe Lee Browne
- 1970: Promise at Dawn, mam Melina Mercouri a Fernand Gravey
- 1974: The Rehearsal, mam Melina Mercouri a Mikis Theodorakis
- 1978: A Dream of Passion (Κραυγή γυναικών), mam Melina Mercouri an Ellen Burstyn
- 1980: Circle of Two, mam Tatum O'Neal a Richard Burton
als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Du rififi chez les hommes
- 1960: Pote tin Kyriaki (Never on Sunday)
- 1962: Phaedra
- 1964: Topkapi
- 1970: Promise at Dawn
- 1974: The Rehearsal