Op den Inhalt sprangen

Jean Colbach

Vu Wikipedia
Jean Colbach
Gebuer 2. Januar 1897
Lima
Gestuerwen 3. Oktober 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kuerzstreckeleefer
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1920


De Jean Colbach, gebuer den 2. Januar 1897 zu Lima a gestuerwen den 3. Oktober 1957 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Kuerzstreckeleefer.[2]

Hien hat Lëtzebuerg 1920 op den Olympesche Spiller zu Antwerpen vertrueden, wou en am 100 m-Laf ugetrueden ass, an an der éischter Virronn ausgescheet ass.

Zesumme mam Paul Hammer, dem Jean Proess an dem Alex Servais hat déi lëtzebuergesch Vertriedung et am 4 × 100 m bis an d'Finall gepackt, wou se déi 6. Plaz erreecht haten.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Doudesannonce vum Jean Colbach. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 8. Luxemburger Wort (4. Oktober 1957). Gekuckt de(n) 1. September 2024.
  2. De Jean Colbach op der Websäit vu sports-reference.com