Jérôme Lulling
Ausgesinn
Jérôme Lulling | |
---|---|
Gebuer |
20. Joerhonnert Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Linguist, Universitéitsprofesser, Iwwersetzer |
Member vun | Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal, Europäesch Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen |
De Jérôme Lulling, gebuer zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Linguist.
No der Primärschoul zu Bieles an dem Lycée zu Esch huet hien zu Montpellier Linguistik studéiert an 2002 mat engem Doktorat iwwer déi lexikalesch Kreativitéit an der Lëtzebuerger Sprooch ofgeschloss. Schonn an den 1990er huet hie probéiert, déi Lëtzebuerger Sprooch ze informatiséieren.
Hien ass Enseignant fir d'Lëtzebuergescht op den Universitéiten Tréier (2000-2006) an Namouer (2004-2014) a fir d'Stad Lëtzebuerg (2006-).
Vun Dezember 2005 bis 2011 war hie Member vum 'Comité d'experts de la Charte européenne des langues régionales ou minoritaires au titre du Luxembourg' am Conseil de l'Europe.
Aarbechten
[änneren | Quelltext änneren]- Auteur vun enger 'Thèse de doctorat sur la créativité lexicale en luxembourgeois' Université Paul Valéry Montpellier III (1998-2002)
- Auteur vun der Wierderlëscht fir deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht mat 125.000 Wuertformen (Projet Cortina 2000-2002)
- Coauteur vum lëtzebuergesch-franséischen online Dictionnaire Luxdico.com (2003) publizéiert bei den Éditions Schortgen (2004, 2005)
- Supervisioun vun der lëtzebuergescher Iwwersetzung vu Microsoft Windows an Office (2005, 2006)
- Coauteur vum Bichelchen 'Lëtzebuergesch léiere mat MP3' vun der Gemeng Lëtzebuerg (2007)
- Auteur vun der LuxDVD, där éischter DVD fir Lëtzebuergesch ze léieren (2010)
- Auteur vun enger ganzer Rei vun Artikelen iwwer d'Informatisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.
- Iwwersetzer vum Comic "Dréift Waasser" (Europäescht Parlament, 2004)
- Auteur vum éischte lëtzebuergesche Computerspill Comboling (2002-2005)
- Auteur vum éischte Witzbuch '170 Witzer op Lëtzebuergesch' mat deem ee Lëtzebuergesch léiere kann (2012)
- Verbentabellen op Lëtzebuergesch, Éditions Delarosa (2014)
- éischt online Kräizwuerträtselen op Lëtzebuergesch (2016: op Rtl.lu, 2017: an der Zeitung Lëtzebuerger Journal)
- D'Sproochespill - interaktiv Exercicer (2019: op Rtl.lu)
- Verbentabellen op Lëtzebuergesch (mat englescher Iwwersetzung, 2019)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jérôme Lulling – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- saz.lu Äre Schreifassistent fir d'Lëtzebuergescht (2023-)
- Internetsäit www.JeromeLulling.lu Dem Jérôme Lulling seng offiziell Internetsäit (2001-)
- Schéiss op de Feeler! Videospill fir Lëtzebuergesch ze trainéieren (1/2021)
- Grammaire.Lu Online-Grammaire fir d'Lëtzebuergescht (6/2020)
- Exercice.Lu Interaktiv Übunge fir Lëtzebuergesch ze léieren (11/2019)
- D'Sproochespill op RTL.Lu interaktiv Exercicer op Lëtzebuergesch (2019-)
- online Kräizwuerträtselen op RTL.Lu Éischt online Kräizwuerträtselen op Lëtzebuergesch (2016-)
- LuxDVD.lu Buch vum Jérôme Lulling mat DVD fir Lëtzebuergesch ze léieren. (2010)
- Bonjour.lu Videoclippe fir Lëtzebuergesch ze léiere mam Astrid a Jérôme Lulling (2008-)
- Jérôme Lulling TV De Jérôme Lulling op YouTube.com
- Luxdico.com Online Iwwersetzungsdictionnaire mat 24.000 Wierder vu Lulling a Schanen (2003-)
- C.ORT.IN.A C.ORT.IN.A den éischte Spellchecker fir Lëtzebuergesch (2000-2002)
- Introduction à l'orthographe luxembourgeoise Lulling/Schanen (2003)
- Microsoft Windows an Office op Lëtzebuergesch (2006)
- Comboling.com Computerspill entwéckelt vum J. Lulling (2002-2005)
Artikelen
[änneren | Quelltext änneren]- D'Informatisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch am Lëtzebuerger LAND (23.12.2005)
- Gefahr oder Chance für das Luxemburgische? Pierre Mousel a Jérôme Lulling am 'Land'(2002)
- Spellchecker 2001 Artikel op eluxemburgensia: éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht (2001-Lëtzebuerger LAND)
- Réforme orthographique Quelques réflexions sur les modifications orthographiques (03/1999)
Interviewen
[änneren | Quelltext änneren]- Interview D'Stëmm vun der Strooss (2018, Säit 25)
- Aktioune ronderëm eis Sprooch Konterbont (2018)
- Invité vum Dag - Jérôme Lulling Radio 100komma7 (6/4/2013)] op YouTube
- Lëtzebuergesch a seng Zukunft Radio 100komma7 (18/12/2006) op YouTube
- Business mit dem Luxemburgischen Lieserbréif Lëtzebuerger Land (6/10/2006)
- TV Interview mam Jérôme an Astrid Lulling TangoTV Reportage iwwer de Luxdico (06/2004) op YouTube
- Radio Interview Projet Cortina - Projet Luxdico mam Jérôme an Astrid Lulling um DNR (2004) op YouTube
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2019: Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz vun der Aktioun Lëtzebuergesch