Harel
Ausgesinn
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Harel | |
---|---|
D'Plaz bei der Kierch vun Harel | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Harlange de: Harling(en) |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Stauséigemeng |
Buergermeeschter | Marco Koeune |
Awunner | 587 |
18.01.2023 | |
Héicht | 424 m |
Koordinaten |
49° 55’ 50’’ N 05° 47’ 19’’ O |
Harel ass eng Uertschaft a Kadastersektioun an der Stauséigemeng.
D'Büroe vun der Gemeng sinn zanter Januar 2023 provisoresch zu Harel, well d'Märei zu Béiwen ofgerappt gouf an nei gebaut gëtt[1].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 417 m. (bei der Kierch) bis 480 m. (beim Futtballsterrain) um CR309, tëscht Walter am Nordosten an dem Hareler Poteau am Südosten.
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]Vun Harel kënnt een iwwer den CR309 an den CR315 bei Béiwen op d'N26 .
E Gemengewee leeft a Richtung Nordwesten op d'belsch Grenz a vun do aus virun op Läitrem, en aneren a südwestlecher Richtung op Liischpelt.
Hydrographie
[änneren | Quelltext änneren]Vu Walter erof leeft d'Hareler Baach duerch d'Uertschaft a Richtung Sir.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Harel
- D'Monument fir de Jean-Baptiste Fallize an d'Kapell op der Plaz vun der fréierer Gierwerei, op der belsch-lëtzebuergescher Grenz, am Dall vun der Bëtler Baach.
- Fatima-Kapell
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Zu Harel, a Richtung vum Hareler Poteau
-
Déi provisoresch Märei (Abrëll 2023)
-
D'Hareler Baach am Duerf
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Harel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Déménagement de la commune à Harlange. Lac-Haute-Sûre (16.01.2023). Gekuckt de(n) 02.04.2023.