Hamas
Hamas Islamesch Widerstandsbeweegung | |
---|---|
President | Chalid Maschal |
Vizepresidenten | Bundeschef: Khalil al-Hayya |
Gegrënnt | 10. Dezember 1987 |
Parteizentral | Gazasträif, Gaza-Stad |
Ideologien |
Palestinensesche Nationalismus Islamesche Nationalismus |
Politesch Positioun | Rietsextrem |
Faarf | Gréng |
Palestinensesche Legislativrot |
74/132 Sëtz |
D'Hamas ((ar) حركة المقاومة الإسلامية Ḥarakat al-muqāwama, Islamesch Widerstandbeweegung), ass eng politesch Partei, déi am Dezember 1987 duerch déi Éischt Intifada, an der Gazasträif duerch de Scheich Ahmed Yassin a weidere Muslimbridder gegrënnt gouf. Se gëtt ë. a. vun der Europäescher Unioun als Terrororganisatioun agestuft.
D'Hamas ass eng palestinensesch sunnitesch-islamistesch Organisatioun, déi international vun 41 Staaten als Terroristesch Vereengeung agestuft gëtt; se besteet aus enger politescher Partei, engem sozialem Hëllefswierk an de paramilitäreschen Izzedin al-Qassam-Brigaden. D 'komplett Memberszuel gouf bis Oktober 2023 op 35.000 bis 80.000 geschat. D 'Zil vun der Hamas ass, de Staat Israel ze zerstéieren. Op dem Staat Israel wëll d'Terrororganisatioun en Islam gepräägte Gottesstaat, Palestina, erriichten.
2006, ee Joer no dem Réckzuch vun Israel aus der Gazasträif, krut d'Hamas bei de leschte fräie Parlamentswalen an de Palestinenseschen Automiegebidder d'Majoritéit vun de Wieler aus der Gazasträif. Am Kampf vu Gaza, am Juni 2007, huet se déi konkurréierend Fatah Partei ausgeschalt. Domat krut se mat héijer Gewalt, d'Muecht an der Gazasträif, an där se zanterhier d'Regierung stellt. Zanter 1989 attackéiert d'Hamas, Israel ëmmer erëm duerch Suiziduschléi, Morden, a Beschoss mat de Qassam-Brigaden. Domat huet se vill Kricher ausgeléist. Bei der Terrorattack vum 7. Oktober 2023, huet d'Hamas op d'mannst 1139 Menschen ermuert an huet esou de Gaza Krich vun 2023 ausgeléist. Enk Alliiéiert vun der Hamas sinn d'Memberstaaten vun der „Achs vum Widerstand“, mat de Staaten Iran, de Libanon mat der Hisbollah an de Jemen mat den Huthi-Rebellen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hamas – Biller, Videoen oder Audiodateien |