No enger laanger Wuelstandsphas, wou d"Uertschaft 1.500 bis 2.000 Awunner hat, ass se an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert e puermol vun de Germanen ugegraff an deelweis zerstéiert ginn. Bis am Ufank vum 5. Joerhonnert war d"Siidlung awer duerchgängeg bewunnt a gouf eréischt duerno opginn.
De Ricciacum beandrockt wéinst senge groussen ëffentleche Gebaier, déi der Uertschaft d"Ausgesi vun enger réimescher Klengstad ginn. Dozou zielen e galloréimeschen Theater, e groussen Tempelbezierk vun op d"mannst 5 Tempelen, an ëffentlech Thermen. Och Griewerfelder, Meilesteng an e Stroossenhellegtum goufe vun Archeologen entdeckt, souwéi och soss Fondsaachen, vun deenen der zwou haut am Musée du Louvre sinn... > méi
... den 1. Juni 1904 zu Lëtzebuerg d"Aueren 35 bis 37 Minutten no vir geréckelt goufen, wéi vun der Lokalzäit op déi Mëtteleuropäesch Zäit ëmgestallt gouf?