Gruidae
Gruidae | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E "Krounekranich" aus Südafrika | |||||||||
Aner Sproochen: | de: Kraniche | ||||||||
Systematik | |||||||||
| |||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
Gruidae Vigors, 1825 |
D'Kranichen (Gruidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Gruiformes. A Mëttel- an Nordeuropa ass d'Hoergäns (oder Krukert) déi prominentst Aart aus där Famill. Kranichen hunn e laangen Hals a laang Been an hunn deemno e Glach mat de Stelzvigel wéi Stuerken oder Räeren.
Et gëtt 15 Aarten op der Welt, an et gëtt s'op alle Kontinenter, ausser an der Antarktis an a Südamerika. Am dackste komme s'an in Asien an an Afrika vir. Deene meeschten Aarten hire Liewensraum ass déi oppen, suppeg Gewan, wou et vill Waasser gëtt (Tundra oder Savann).
Vill Aarte bréien eréischt vum 4. oder 5. Joer un. Well vill jonk Vulle stierwen, ier se geschlechtsräif sinn, ass et am Fall vun engem Populatiounsréckgang schwéier, nees op d'Zuel vu virdrun ze kommen. Dofir sinn en ettlech Aarte bedreet, auszestierwen.
Kraniche si grouss bis ganz grouss Vullen, a kënnen 90 bis 150 cm grouss ginn. De Saruskranich gëtt souguer bis 176 cm grouss, an ass deemno déi gréisst Vullenaart, déi fléie kann. Kraniche kënne bis zu 12 kg schwéier ginn, woubäi d'Männercher liicht méi grouss a méi schwéier si wéi d'Weibercher.
Gruigae hunn e staark vergréisserte Loftrouer wat hinnen (ausser der Aart vun de Krounekranichen) erméiglecht, haart ze jäizen.
Déi Kranichaarten, déi a méi waarme Klimazone liewen, sinn do d'ganzt Joer, iwwerdeems déi, déi a méi kalen hiert doheem hunn, Zuchvulle sinn. Si fléien dann an den opfällege "V-" oder "1-Formatiounen" a Gruppen duer wou et méi waarm ass, an nees hannescht. Si fléien an engem Dag ronn 300 heiansdo souguer 800 km. Hir Vitess ass 60–80 km/h.
Kraniche sinn Omnivoren a friesse souwuel Planzen (Som, Wuerzelen, Blieder, Kraider, Grieser, Nëss, Bieren) wéi och Fleesch (Wierm, Mollusken, Insekten, Kriibsdéieren, Fësch, Fräschen, Eidechsen, Knabberdéieren).
Systematik
[änneren | Quelltext änneren]Traditionell ginn d'Kranichen an zwou Ënnerfamillen agedeelt: d'Balearicinae (Krounekranichen) an d'Gruinae ("echt" Kranichen), zu deenen, bis op zwou, déi meescht Aarte gehéieren.
Ënnerfamill Balearicinae
[änneren | Quelltext änneren]- Balearica
Ënnerfamill Gruinae
[änneren | Quelltext änneren]Bugeranus
[änneren | Quelltext änneren]- B. carunculatus
- Jofferekranich (A. virgo)
- Paradäiskranich (A. paradisea)
- Sibiresche Kranich oder Nonnekranich (Grus leucogeranus) bei deem dräi Populatiounen ënnerscheet ginn:
- d'westlech Populatioun déi am Iran südlech vum Kaspesche Mier iwwerwantert.
- d'zentral Populatioun déi an Indien iwwerwantert.
- d'ëstlech oder orientalesch Populatioun déi a China am Dall vum Jangtsekiang iwwerwantert. Dat ass och déi gréisst Populatioun vun deenen dräi.
- Kanadakranech (Grus canadensis) mat 6 Ënneraarten déi deelweis buedemstänneg sinn an deelwees migréieren:
- Grus canadensis rowani, vun de grousse Séie bis op de Pazifik a bis an Alaska
- Grus canadensis canadensis, idem.
- Grus canadensis tabida, idem.
- Grus canadensis pratensis, Florida (keen Zuchvull)
- Grus canadensis pulla, Mississippi (keen Zuchvull)
- Grus canadensis nesiotes, Kuba, (keen Zuchvull)
- Saruskranech Grus antigone mat dräi Ënneraarten déi keng Zuchvulle sinn:
- Grus antigone antigone, nërdlecht Zentralinidien, et ass 1,75 m de gréisste vun alle Kranichen.
- Grus antigone sharpii, ënneschten Dall vum Mekong.
- Grus antigoen gilli, Queensland an Nordaustralien
- Wäisshalskranech Grus vipio, Bruttgebitt am Nordoste vu China an an der Mongolei (Amourbaseng), iwwerwantert op der Grenz vun Nord- a Südkorea, am Dall vum Jangtsekiang, am Dall vum Giele Floss a verschiddener an Süde vu Japan
- Brolgakranech (Grus rubicunda), wunnt a britt am Nordoste vun Australien an am südlechsten Deel vun Neiguinea
- Huergäns (Grus grus), Zuchvull, Bruttgebidder am Nordoste vun Europa an a Sibirien, iwwerwantert am Südweste vu Europa, an Indien an a China.
- Schwaarzhalskranich (Grus nigricollis),
- Japankranich (Grus japonensis), britt am Baseng vum Amour an op der Insel Hokkaidō. Nëmmen d'Festlandvulle migréieren an de Süde vun Nordkorea.
- Mënchkranich (Grus monachus),
- Wäisse Kranech (Grus americana), nëmmen an Nordamerika, dräi Populatiounen dovun zwou déi frësch ugesidelt goufen. D'historesch Standplaz ass den Norde vun der Provënz Alberta. Et ass och nëmmen déi Populatioun déi migréiert.
Etymologie
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm "Kranich" ass Famill mat "Kran" a "Krunn" (vgl. fr: grue < grus, engl: crane), déi allebéid wéinst hirer Form, ofgeleet sinn. Och dat franséischt Wuert fir Stammbam, pédigré, kënnt vu "pied de grue", well d'Form vun de Linnen e Glach mat den Zéiwe vun engem Kranich hunn.
Populatiounen an Tendenzen
[änneren | Quelltext änneren]Aart | Populatioun | Tendenz |
---|---|---|
Balearica regulorum Kinnekskranich |
85000 - 95000 | |
Balearica pavonina Krounekranich |
66500 - 77500 | |
Anthropoides virgo Jofferekranich |
200000 - 240000 | |
Anthropoides pradisea Paradäiskranich |
18000 | |
Bugeranuscarunculatus | 8000 - 10000 | |
Grus leucogeranus Sibiresche Kranich |
2500 - 3000 | |
Grus canadensis Kanadakranich |
520000 | |
Grus antigone Saruskranich |
9500 - 12000 | |
Grus rubicunda Brolgakranich |
20000 - 100000 | |
Grus vipio Wäisshalskranich |
5000 | |
Grus grus Hoergäns |
300000 | |
Grus monachus Mënchskranich |
9500 | |
Grus americana Wäisse Kranich |
388 dovu 16 a Gefaangeschaft |
|
Grus nigricolis Schwaarzhalskranich |
6277 | |
Grus japonensis Japankranich |
2100 |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- David H. Ellis, George F. Gee, Claire M. Mirande (Hrsg.): Cranes: Their Biology, Husbandry, and Conversation, Hancock House Publishers, Blaine 1996, ISBN 0-88839-385-7
- Josep del Hoyo et al.: Handbook of the Birds of the World, Band 3 (Hoatzins to Auks). Lynx Edicions, 1996, ISBN 84-87334-20-2
- Peter Matthiessen: Die Könige der Lüfte – Reisen mit Kranichen, Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 2010, ISBN 978-3-596-18195-7
- Wolfgang Mewes, Günter Nowald, Hartwig Prange: Kraniche. Mythen, Forschung, Fakten. Braun, Karlsruhe 1999, ISBN 3-7650-8195-7
- Claus-Peter Lieckfeld, Veronika Straaß: Mythos Vogel. BLV, München 2002, ISBN 3-405-16108-8
- R. L. Potapov, V. E. Fling (HRSG): Handbuch der Vögel der Sowjetunion. Band 4: Galliformes, Gruiformes. Aula Verlag, Wiesbaden 1989, ISBN 3-89104-417-8
- Carl-Albrecht von Treuenfels: Kraniche. Vögel des Glücks. Rasch und Röhring, Hamburg 1998, ISBN 3-89136-653-1
- Carl-Albrecht von Treuenfels: Zauber der Kraniche. Knesebeck, München 2005, ISBN 3-89660-266-7
- Norbert Daubner, Gaby Hufler: Naturerlebnis Kranichzug: Die Reise der Kraniche. dah[u]u, Karlsruhe 2011, ISBN 3-98108-823-9
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gruidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |