Georges Hurt
Ausgesinn
Georges Hurt | |
---|---|
Gebuer |
4. Januar 1922 Biwer |
Gestuerwen | 20. November 1997 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP, SDP |
De Georges Hurt, gebuer de 4. Januar 1922 zu Biwer, a gestuerwen den 20. November 1997, war e lëtzebuergesche Resistenzler, Staatsbeamten (Cantonnier) a Politiker (LSAP a (Sozialdemokratesch Partei).[1][2]
Nom Doud vum Othon Decker ass de Georges Hurt 1963 als Deputéierten an d'Chamber nogeréckelt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964, de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 op der Lëscht vun de Sozialisten a bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 op der Lëscht vun de Sozial-Demokraten erëmgewielt.[2]
Bei de Gemengewale vum Oktober 1957 gouf hien an de Gemengerot vun der Gemeng Biwer gewielt a war vun 1957 bis 1982 Member vun dësem Gemengerot an hie war vun 1964 bis 1982 Buergermeeschter vun der Gemeng Biwer.[1][2]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotion 1978)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Noruff op de Georges Hurt an der 8. Sëtzung vun der Chamber am Sëtzungsjoer 1997-98 den 2. Dezember 1977
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.106.
- ↑ 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022