François Scheffer
François Scheffer | |
---|---|
Gebuer |
1. Juli 1766 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
9. September 1844 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Riichter |
De François Scheffer, gebuer den 1. Juli 1766 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 9. September 1844, war, mat Ënnerbriechungen, véier Joerzéngte laang Buergermeeschter vun der Stad. No him gouf d'Scheffer-Allee um Lampertsbierg genannt.
De François Scheffer, Jong vum Stater Geschäftsmann François Scheffer sen. (1721-1778) an deem senger Fra der Anne Catherine Bastien, huet zu Bréissel Droit studéiert, huet nom Studium awer net als Affekot geschafft, mä an der Epicerie, déi e vu sengem Schwéierpapp iwwerholl huet. Do donieft hat hien eng Hellewull Plazen an Ämter doruechter:
Hie war an der Sebastianbrudderschaft, Läitnant bei der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg, ënner de Fransouse koum hien an de Gemengerot, an d'Hypothéiken- an an d'Zentralverwaltung vum Département des Forêts, gouf eng éischt Kéier 1800-1802 Buergermeeschter, duerno Riichter um Handelsgeriicht, 1815 Bataillounschef vun der Biergergarde, 1816-1817 fir d'zweet Buergermeeschter, dunn huet en den Distriktskommissär vertratt. 1820 bis 1822 war e fir d'drëtt Buergermeeschter, a fir d'véiert vun 1827 bis kuerz viru sengem Doud, 1844.
De François Scheffer war mat der Anne Barbe Marguerite Seyler bestuet. D'Koppel hat véier Kanner, déi alleguer am jonken Alter gestuerwe sinn.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1844)[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wirion, L., 1951. Les familles Scheffer et Seyler. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 3, p. 99-169 [François Scheffer: S. 108-113 a S. 125-169].
Virgänger: Hermann Urbain François Roeser Antoine Pescatore François Roeser |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1800 - 1802 1816 - 1817 1820 - 1822 1827 - 1843 |
Nofollger: Jean François Probst Antoine Pescatore Jean-François Doutreloux Ferdinand Pescatore |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Memorial N°3 vun 1844 mam Avis datt de François Scheffer mam ordre dela couronne de chêne dekoréiert gouf Archivéiert de(n) 03.03.2016. Gekuckt de(n) 14.03.2015.