Félix Jemming
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| ||||||||||||
De Félix Jemming, gebuer den 29. Juni 1925 zu Koler[1], a gestuerwen den 31. Juli 2002[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
1956 huet hien eng éischt Kéier an der Sektioun Koler fir d'Gemengewale kandidéiert a gouf an de Gemengerot vun der Gemeng Garnech gewielt. Hie war do vun 1964 bis 1981 Buergermeeschter.[3],[4]
Fir de Félix Jemming ze éieren, huet de Gemengerot vu Garnech den 12. Oktober 2009 decidéiert, fir d'Rue de la Forêt zu Koler op Rue Félix Jemming ëmzebenennen.[2]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Spielplatz und Straße nach Nicolas Betz und Felix Jemming umbenannt. mywort.lu, 14.10.2010.. Gekuckt de(n) 13. September 2024.
- ↑ 2,0 2,1 de Gemengebuet. Informatiounsblat vun der Garnicher Gemeng. Oktober - November - Dezember 2009, Säit 4.
- ↑ Liste des bourgmestres de 1797 à aujourd’hui op der Internetsäit vun der Gemeng Garnech. Gekuckt den 13.09.2024. Archivéiert de 15. Juli 2024.
- ↑ Dem Artikel op mywort no wier e vun 1962 bis 1968 éischte Schäffen an dono bis 1986 Buergermeeschter gewiescht...