Félicie Erpelding-Schlesser
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Félicie Erpelding-Schlesser | |
---|---|
Gebuertsnumm | Félicie Schlesser |
Gebuer |
27. Mee 1883 Uewerfeelen |
Gestuerwen | 6. Januar 1970 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
Partei | SDP (1903) |
Famill | |
Bestuet mat | François Erpelding |
D'Félicie Erpelding-Schlesser, gebuer als Félicie Schlesser de 27. Mee 1883[1] zu Uewerfeelen, a gestuerwen de 6. Januar 1970 an der Stad Lëtzebuerg[2], war eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin (Sozialdemokratesch Partei).
Si huet den 10. Januar 1905 de François Erpelding bestuet.
D'Félicie Erpelding-Schlesser war vun 1921 bis 1928 déi éischt weiblech Conseillere am Ettelbrécker Gemengerot[3].
Vun 1923 bis 1928 war si Comitésmember vum parti ouvrier. Si war weiderhi Vizepresidentin vun der Fédération des conseillers communaux ouvriers[4].
Als Undenken un d'Félicie Schlesser gouf 2015 zu Ettelbréck eng Strooss no hir genannt (rue Félicie Schlesser, L-9072) an am November 2021 eng bronze Statu an där Strooss opgeriicht.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Arlette Schmit, Im Zeichen der Gleichberechtigung, Luxemburger Wort vum 16. November 2021, S. 21
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Félicie Erpelding-Schlesser – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsschäin 1883/14, Gemeng Feelen. Commune de Feulen (27.05.1883).
- ↑ Avis de décès 2 Page 9. In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 8 (08.01.1970), S. 9. [Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg, https://persist.lu/ark:70795/s8vx8srtc/pages/9/articles/DIVL1545]
- ↑ Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert de(n) 01.02.2020. Gekuckt de(n) 05.03.2020.
- ↑ Conseil National des Femmes du Luxembourg. Premières femmes dans les conseils communaux luxembourgeois. Édition 2005