Op den Inhalt sprangen

Diphthong

Vu Wikipedia
äi…

En Diphthong (vum aalgriicheschen δίς d ios, 'zweemol' an φθόγγος phth tingos, 'Laut') ass en duebele Laut aus zwéi verschiddene Vokale bannent enger eenzeger Silb.

Am Lëtzebuergesche gëtt et dës aacht Diphthongen:

Diphthongen
Diphthong IPA Beispill Aussprooch wéi am Franséische fir… Bemierkung
ai
ei
[ɑɪ] Mais, Raiber

Bei, Feier

bail De phoneeteschen Diphthong [ɑɪ] gëtt entweeder mat ei oder ai geschriwwen; ai steet als Ëmlaut vum au. Beispiller: Maus – Mais; haut – haiteg.

Den ai steet och bei Pai fir dat franséischt paye. An all den anere Wierder steet ei fir phoneetesch [ɑɪ].

au [ɑʊ] Auer, haut caoutchouc
[æːʊ] Maul, Haut gëtt et am Franséischen net
äi [æːɪ] kräischen, Äis gëtt et am Franséischen net Den äi kann och als Ëmlaut vum au stoen. Beispiller: Fauscht – Fäischt; dauschen – Gedäisch
éi [ɜɪ] fréier, Kéier payer
ie [iə] friem, Biesem gëtt et am Franséischen net
ou [əʊ] grouss, lounen gëtt et am Franséischen net
ue [uə] Kueder, lues gëtt et am Franséischen net
  • Wa bei engem Wuert dat mat engem Vokal ophält, eng Endung ewéi -er oder -en drugehaange gëtt, dann entsteet keen Diphthong. An deem Fall ginn d'Vokaler getrennt ausgeschwat (Hiatus): Aen, e bloen Hutt, doen, knaen, Plien, Prabbelien, Statuen, Suen.
  • Bei de Wierder Moien, moies ass de Laut [ɔj] keen Diphthong, well e sech op zwou Silbe verdeelt.
  • An enger Rëtsch Friemwierder steet oi oder oy fir den Diphthong [ɔɪ]: Boiler, Boykott, Koi, Konvoi, Spoiler.
  • Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2
  • D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8