Christian Heinrich Friedrich Peters
Christian Heinrich Friedrich Peters | |
---|---|
Gebuer |
19. September 1813 Koldenbüttel |
Gestuerwen |
18. Juli 1890 Clinton |
Nationalitéit | Dänemark, Kinnekräich Preisen, USA |
Educatioun | Humboldt-Universitéit Berlin |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Physiker |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences |
De Christian Heinrich Friedrich Peters, gebuer den 19. September 1813 zu Koldenbüttel, Schleswig-Holstein, a gestuerwen den 18. Juli 1890 zu Clinton, New York, war en däitsch-amerikaneschen Astronom.
De Peters huet Astronomie a Mathematik beim Johann Franz Encke an der Berliner Universitéit geléiert an huet no senger Promotioun als Mathematikassistent beim Carl Friedrich Gauß zu Göttingen geschafft.
Zesumme mat dem Geolog Sartorius von Walterhausen huet hien eng Excursioun op Sizilien ënnerholl an huet Ënnersich iwwer de Vulkan Etna gemaach.
Méi spéit huet hien um Observatoire vu Capodimonte bei Neapel geschafft, wou hien Observatioune vu Sonneflecke gemaach huet an am Joer 1846 e liichtschwaache Koméit (1846 VI) entdeckt huet. Duerch falsch Bunnbestëmmunge konnt de Koméit eréischt am Joer 1982 nei entdeckt ginn.
Wéinst politeschen Onrouen ass de Peters 1849 a Frankräich geflücht. Vun do aus goung hien ouni vill Geld op Konstantinopel (haut Istanbul). Wéinst senge gudde Sproochkenntnesser – de Peters huet ausser villen europäesche Sproochen och Algriichesch, Latäin, Hebräesch, Arabesch, Persesch an Tierkesch geschwat – gouf hien de wëssenschaftleche Beroder vum Reshid Pascha, dem Grousswesir vum Sultan Mejid II.
Op Ureegung vun der amerikanescher Ambassade an der Tierkei an ausstafféiert mat enger Recommandatioun vum Alexander von Humboldt ass de Peters 1854 an Nordamerika ausgewandert. Hie war am Observatoire vun der Harvard Universitéit an huet op engem Treffe vun der American Association for the Advancement of Science zu Providence op Rhode Island, iwwer seng Sonnenobservatioune referéiert. De Peters huet d'Usiicht vertrueden, datt op der Sonn gewalteg elektresch Stierm bestinn. Doriwwer eraus huet hien observéiert, datt sech d'Sonneflecken net nëmme wéinst der Rotatioun an equatorialer Richtung, awer och laanscht d'Längtegrade beweegen.
Méi spéit krut de Peters eng Plaz am Dudley Observatoire zu Albany, New York. Do entdeckt hien de 25. Juli 1857 e weidere Koméit.
Am Joer 1859 huet de Peters eng Plaz als Professer fir Astronomie um Hamilton College zu Clinton, New York, ugeholl. D'Institut hat en neien Observatoire mat engem 13 ½ Zoll-Refrakter, zu där Zäit eent vun de gréissten Teleskopen an Amerika. De Peters huet zimmlech um Existenzminimum gelieft, well seng Plaz deemools schlecht bezuelt war. Seng Sonnefleckenaarbechte goufen eréischt no sengem Doud publizéiert.
Wéi de Peters 1861 den Asteroid Feronia entdeckt huet, gouf d'Fachwelt nees op hien opmierksam. De Peters hat eigentlech den Asteroid Maja gesicht, dee virdru vum H.P. Tuttle entdeckt gi war. An den nächste Joren huet hien 48 Asteroiden entdeckt. Nëmmen de Rekordentdecker Johann Palisa war zu där Zäit méi erfollegräich.
De Christian Heinrich Friedrich Peters ass den 19. Juli 1890 zu Clinton gestuerwen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Biographie
- Publikatioun vum C. H. F. Peters am Astrophysics Data System
- Noruff fir den C. H. F. Peters am Astrophysics Data System
- Kr.: Todesanzeige. Astronomische Nachrichten, Bd. 125 (1890), S. 127 (Norufff op den C.H.F. Peters)