Op den Inhalt sprangen

Carole Calmes

Vu Wikipedia
Carole Calmes
Gebuer 10. September 1978
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportschéisser, Pilot
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 2012, Spiller vun de klenge Länner 2011

D'Carole Calmes, gebuer den 10. September 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Pilotin a Schéisserin.[1]

Am Joer 2008 war d'Carole Calmes vun den Olympesche Summerspiller zu Peking ausgeschloss, net well se d'Konditioune vum IOK net erfëllt hätt, mä well sengerzäit den COSL fonnt huet, hir Leeschtunge wäre fir d'Olympesch Spiller net gutt genuch.

Si huet net opginn a war véier Joer méi spéit op de Spiller zu London derbäi, wou se sech an de Royal Artillery Barracks mat 390 Réng op der 48. Plaz ënner 56 Konkurrentinne placéiert huet. Se hat déi selwecht Zuel Réng wéi d'Polin Paula Vronska, déi awer wéinst der méi héijer Zuel vun den Zéngter-Notéierunge virun der Lëtzebuergerin klasséiert gouf.

Op de Spiller vun de klenge Länner 2011 a Liechtenstein hat d'Carole Calmes d'Goldmedail mam Loftgewier gewonnen.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Portrait vum Carole Calmes als Member vum Cadre d'élite 2011 op der Websäit vum COSL
  2. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 40-41. ISBN 978-2-9599734-5-1
  3. Carole Calmes und ihr schwierigster Kampf op wort.lu, och am Luxemburger Wort vum 31. Mäerz 2020, S.36