Briatico
Ausgesinn
Briatico | |
---|---|
Land | Italien |
Regioun | Kalabrien |
Provënz | Vibo Valentia |
Koordinaten | 38°43'33,53"N, 16°1'58,40"O |
Fläch | 27,92 km² |
Awunner | 3.700 (1. Januar 2023) |
Héicht | 51 m |
ISTAT | 102003 |
Briatico ass eng süditalienesch Gemeng an der Provënz Vibo Valentia a Kalabrien. Si läit 17 km nordwestlech vu Vibo Valentia am Golf vu Sant' Eufemia.
D'Gemeng besteet aus de Fraktioune (frazione) Conidoni, Mandaradoni, Paradisoni, Potenzoni, San Costantino, San Leo a Sciconi.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Cessaniti, Vibo Valentia, Zaccanopoli, Zambrone, Zungri.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Vum alen Duerf Briatico Vecchio, dat de 5. Februar 1783 bei engem Äerdbiewen zerstéiert gouf, kann een nach e puer Iwwerreschter gesinn, dorënner och d'Ruine vun der mëttelalterlecher Buerg.
Um Strand gëtt et nach zwéi vun de fréier fënnef Tierm vum antitierkesche Verdeedegungssystem:
- La Rocchetta, en héijen Tuerm deen ursprénglech vun de Griiche gebaut, vun de Réimer erëm opgebaut an am Mëttelalter ëmgebaut gouf
- Torre Sant'Irene, en Tuerm aus dem 16. Joerhonnert