Branebuerg
Ausgesinn
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Branebuerg | |
---|---|
Vue vu Südwesten op Branebuerg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Brandenbourg de: Brandenburg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng | Tandel |
Buergermeeschter | Carole Gils |
Awunner | 329 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 620,7756 ha[1] |
Héicht | 303 m |
Koordinaten |
49° 54’ 42’’ N 06° 08’ 16’’ O |
Branebuerg ass eng Uertschaft an der Gemeng Tandel.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Branebuerg läit op der Blees, der Hämechtbaach an der Millebaach.
D'Uertschaft huet iwwert den CR377, deen iwwert de Këppenhaff leeft, Uschloss op d'N7 an iwwert den CR353 duerch Baastenduerf och eng Verbindung op d'N17.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis zur Fusioun 1. Januar 2006 aus där d'Gemeng Tandel entstanen ass, war Branebuerg eng Uertschaft an der fréierer Gemeng Baastenduerf am Kanton Dikrech.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- d'Buerg Branebuerg
- d'Kierch Branebuerg
- déi eenzeg Beruffs-Beienziichterei am Land, d'Beruffs-Beienziichterei Jungels-Hilgert[2]
Lieseswäertes
[änneren | Quelltext änneren]De gebiertege Branebuerger Schrëftsteller Nic Klecker huet seng Erënnerungen u Branebuerg am Bichelchen Les créneaux du souvenir publizéiert[3]. A sengem Erzielungsband Jadis au village[4] zeechent hien e schéine Portrait vu sengem Duerf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Klecker, Nic, 1997. Les créneaux du souvenir. Éditions des Cahiers luxembourgeois, Bereldange. Luxembourg, Impr. Centrale. 156 p.
- Klecker, Nic, 2002. Jadis au village / Au pied des Ardennes. Récits. Éditions des Cahiers luxembourgeois, Bäreldeng, & Éditions Memor, Bréissel. 123 p. ISBN 2-930133-75-9.
- Vannérus, Jules, 1931. Brandenbourg. Cahiers Luxembourgeois n° 2: 257-261).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Branebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Fotoalbum
[änneren | Quelltext änneren]-
Haaptstrooss vu SO
-
Haaptstrooss vun NO
-
Galerie An der Millen
-
Ländlech Architektur
-
Vue vun der Buerg aus
-
Renovéiert Gebai an der Haaptstrooss
-
Fréier Molkerei
-
D'Blees
-
Neie Point de vue
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ Cf. http://www.apisjungels.lu/
- ↑ Cf. Klecker 1997 an der Literatur.
- ↑ Cf. Klecker 2002 an der Literatur.