Bloen Eck
Bloen Eck | |
---|---|
De Café-Restaurant um Bloen Eck | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Ärenzdall |
Buergermeeschter | Bob Bintz |
Koordinaten |
49° 49’ 36.9’’ N 6° 10’ 56.8’’ O |
De Bloen Eck ass e Lieu-dit an e Café-Restaurant zu Steeën an der Ärenzdallgemeng, laanscht d'Nationalstrooss 14, op der Kräizung mam CR347 tëscht Miedernach an Dikrech.
D'Plaz krut hiren Numm wéinst der bloer Fassad vum Café-Restaurant deen ëm 1900 an engem Gebai op der Plaz ageriicht gouf.
Um Lieu-dit gouf 2014 de Foussballsterrain mam Numm Bloen Eck ageweit.[1]
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Bloen Eck läit op enger Héicht vun 320 Meter. E puer honnert Meter südwestlech dervun huet d'Tirelbaach hir Quell.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ëm 1900 huet eng Famill Blau dat fréiert Haus Burg op där Plaz kaaft fir do e Café anzeriichten. Bis Ugangs der 1980er[Wéini ?] ass den CR347 lénks laanscht der Entrée vum Gebai verlaf. D'Gebai louch deemno am Eck tëscht der Nationalstrooss 14 an dem CR347.
Spéider gouf aus dem Café e Restaurant, duerno eng Diskothéik a méi rezent nees e Café-Restaurant-Pizzeria.[2]
-
De Café ëm d'1960er Joren.
-
Topographesch Kaart vun 1979 mam fréiere Verlaf vum CR347.
-
Schëld op der N14.
-
Fréier an haiteg Entrée vum Café-Restaurant Bloen Eck.
-
Alen CR347 Verlaf.
-
Ënnerféierung ënnert d'N14 bei de Futtballterrain.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Cadamuro, C., 2015. Vermächtnis der Familie Blau. Luxemburger Wort vum 13. Mäerz 2015, S. 29.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bloen Eck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2015-02-24. Gekuckt de(n) 2015-04-06.
- ↑ LW vum 13. Mäerz 2015, S. 29.