Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Den Artikel Quadratus, deen dir op d'Wikipedia gesat hutt, huet nach keng Kategorie. Denkt wgl. dru fir an der Rei iwwer de Kategorien {{DEFAULTSORT:Numm}} anzesetzen. Mat Numm ass de Lemma vum Artikel gemengt. Wann de Lemma nëmmen aus engem Wuert besteet an deem keng Ëmlauter sinn brauch den DEFAULTSORT net agesat ze ginn. Bei Persounennimm gëtt de Familljennumm als éischte geschriwwen, an ouni Ëmlauter. Beispill: Müller gëtt Muller geschriwwen.
Dat hëlleft fir den Artikel automatesch ze sënneren an ass wichteg wa Schabloune mat agebonnene Kategorien am Artikel stinn. Wann dir Hëllef braucht sot wgl. engem Administrateur op senger Diskussiounssäit Bescheed.