Bauschelt
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Bauschelt (Boulaide). Fir Baschleiden, d'Nopeschduerf mat engem änleche lëtzebuergeschen Numm, kuckt wgl. Baschelt. |
Bauschelt | |
---|---|
D'Gemengenhaus vu Bauschelt | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Boulaide de: Bauschleiden |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Bauschelt |
Buergermeeschter | Jeff Gangler |
Awunner | 716 |
02.01.2023 | |
Fläch | 1.183 ha |
Héicht | 460 m |
Koordinaten |
49° 53’ 15’’ N 05° 48’ 56’’ O |
Bauschelt ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng mat dem selwechten Numm.
Bauschelt läit, op enger Héicht vun tëscht 320 Meter op der Sauer a 480 Meter beim Waasserbaseng, nërdlech a westlech vum Sauerdall. Bei engem Trëppeltour duerch de Bësch fënnt en ee vun de schéinsten Aussiichtspunkte vun der Regioun, den Houfels. De Chalet huet zum Hotel Hames gehéiert a sou munch Fester goufen do gefeiert. Ugangs 1920 ware sou munch Éisleker verwonnert, wann d'Catherine Hames mat hirem Cabrio ënnerwee war. Si war déi éischt Fra mat Autosführerschäin am Land. Méi spéit, am Zweete Weltkrich war hiren Hotel zäitweileg d'Kommandozentral vum Generol Dwight Eisenhower.
Vum Duerf aus kann een erof op d'Bauschelter Mille spadséieren, wou een de Wope mat den Initiale vun der éisträichescher Keeserin Maria Theresia am Giewel vum Wunnhaus ka gesinn. D'Mille gouf schonn 1317 am Regëster vun de Grofe vu Lëtzebuerg ernimmt. D'Wunnhaus gouf am 19. Joerhonnert vergréissert an et gouf eng nei Bréck 1949 gebaut[1]. De Wee féiert weider biergof op d'Bungerefermillen, dertëschent huet d'Sauer en Héichtenënnerscheed vu 6 Meter.
D'Haaptstrooss vu Bauschelt fält op duerch hiren Numm: rue Jérôme de Busleyden. Dëse Personnage war Member vun enger aflossräicher Famill mat Wuerzelen zu Bauschelt. Hien huet zu Orléans, Padua a Louvain studéiert a gouf 1504 als Beroder an de Grousse Rot vu Mechelen opgeholl. Säin Interessi huet deem neien Humanismus, der Renaissance mat hire Schrëftsteller gegollt. Kontakter hat hie mam Erasmus vu Rotterdam a mam Thomas Moore. De Jérôme de Busleyden asst op enger diplomatescher Rees am Optrag vum Keeser Karel V. zu Bordeaux gestuerwen. Kuerz virdrun hat hien der Universitéit vu Louvain eng gutt gefëllte Bibliothéik vermaach. Hien huet och e Stipendium gestëft, datet dem Collège trilingue erlaabt huet, Professere fir Latäin, Griichesch an Hebräesch auszebilden.
Déi éischt Kierch zu Bauschelt ass ëm 817 entstan, déi deemools zur Abtei St. Hubert gehéiert huet. No 1088 ass d'Par der Abtei Stavelot zougedeelt ginn a 1531 zum Archidekanat „Ardennes“ d.h. Léck (Liège) an Dekanat Baaschtnech. Déi nei Kierch mat hiren dräi Altär gouf 1714 dem Hl. Lambert geweit. Den Tuerm an de Chouer sollen um Fundament vun enger Schlasskapell stoen. Hiweiser a Beweiser zu engem Schlasshär sinn awer nëmme ganz vag. Am Joer 1865 gouf d'Kiercheschëff ëm 16,5 Meter verlängert. No an no gouf en Duxall gebaut, 1900 d'Müller-Uergel, (haut denkmalgeschützt an 2022 restauréiert), 1930 nei Kierchefënsteren. An der Rundstedtoffensiv goufen den Daach an den Tuerm zerstéiert. Duerno sinn d'Fënstere mat figurative Mustere vum Gust Zanter ersat ginn. Haut kann d'Kierch am romanesche Stil mam Mobiliar vum Jean-Georges Scholtus bewonnert ginn. Vill Kierchen an der Regioun beweisen dem Scholtus säin Talent fir reliéis Konscht an hirem Mobiliar.
Zu Bauschelt erënnert e Monument un den Zweete Weltkrich an d'Befreiung am Dezember 1944 duerch déi 35. amerikanesch Infanterie Divisioun.
Am Duerfkär, no bei der Kierch, sinn am November 2007 d'Skulpture Friddensengelen vun der Marie-Josée Kerschen ageweit ginn. Si gehéieren zum europäesche Projet Strooss vum Fridden[2].
Etymologie
[änneren | Quelltext änneren]D'Bedeitung vum Verb „leiden“ aus der zweeter Silb vu „Bauschleiden“ war fréier: fueren; goen; reesen, an domat verbonne mam Verb „verlaangeren“. „Bausch“ ass ee Begrëff fir Aarm voll; Hand voll; d.h. eng ongezielten oder ongewie Mass. E Bausch Pabeier sinn 181 Blieder.[3][4][5]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Uergel vun der Parkierch zu Bauschelt, gebaut am Joer 1900 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid, zanter Dezember 2001 op der Lëscht vun de Monuments classés.
- D'Aussiichtspunkten Houfels, Kaaschterlach an Tempelskamp
- Rommwiss
- Bauschelter Millen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Naturpark Uewersauer
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bauschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Weider Detailler op https.//heckenbach.org.
- ↑ [1]
- ↑ Offiziell Säit vun der Gemeng Bauschelt. Gekuckt de(n) 02.02.2023.
- ↑ Bauschelt — Kierchtuermspromenaden. www.tessyglodt.lu. Gekuckt de(n) 02.02.2023.
- ↑ Commission consultative du sport, de la culture et du loisir de la commune de Boulaide