Bartreng
Bartreng | |
---|---|
Am Zentrum vu Bartreng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bertrange de: Bartringen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bartreng |
Buergermeeschter | M. Smit-Thijs (DP) |
Awunner | 8.668 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 287 m |
Koordinaten |
49° 36’ 36’’ N 06° 02’ 59’’ O |
Bartreng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer den Tossebierg leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Duerch Bartreng leeft vu Westen no Osten d'Péitruss.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Batreng läit beim Kiem vun Orolauneum (Arel) op Augusta Treverorum (Tréier), um Tossebierg war e Relais fir d'Päerd. An der Uertschaft, um Flouer Bei de Rouden Zillen a Buermiicht, si Reschter vun enger gallo-réimescher Villa. Dës gehéiert zanter 1987 zum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.
Den Numm "Bartreng", respektiv "Bertrange" huet eng fränkesch Originn, an heescht souvill wéi "dem Bert(ho) säint". Uechter d'Joerhonnerte variéiert en tëscht Bertharingen, Bertrig, Birtring, Berthinga, Bertringen fir dann zum haitege Bartreng, respektiv Bertrange oder Bartringen, ze ginn.[1]
Aus der Zäit vum Mëttelalter ass net vill vu Bartreng gewosst. 1548 huet de Gouverneur Pierre Ernest de Mansfeld d'Herrschaft Batreng kaaft, 1562 gouf s'un d'Madeleine de Schauwenburg viruverkaaft. An an der Neizäit, bis zum Enn vum Spueneschen Ierffollegkrich, waren d'Duerf an d'Buerg vu Bartreng, well se no bei der Festung Lëtzebuerg louchen, bei Belagerunge vun dëser, ëmmer nees duerch d'Arméien, déi do hire Camp haten, geplëmmt ginn. Besonnesch am Drëssegjärege Krich ass d'Bevëlkerung, wéi a villen aneren Dierfer doruechter, duerch Hongersnéit, Pescht a Brigange staark erofgaangen.[1]
Am 19. Joerhonnert war Bartreng e Bauerenduerf mat ronn 200 Haiser, an eppes méi wéi 1.000 Awunner. Eng jett sinn der vun an Amerika ausgewandert. Eréischt an der zweeter Hallschecht vum 20. Joerhonnert huet sech d'Situatioun grondleeënd geännert. Ewell huet Bartreng dervu profitéiert, no bei der Stad ze sinn, an d'Awunnerzuel, déi 1945 nach bei ronn 1.300 louch, ass rasant an d'Luucht gaangen: 1973 gouf d'3.000er-Marque iwwerschratt, 1981 déi vu 4.000, 1996 déi vu 5.000, 2005 déi vu 6.000 an ëm 2013/14 déi vu 7.000.[1]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kierch
- Bemierkenswäert Lannenallee um Gréiwelsser Haff
- D'Schlass Schauwebuerg
- D'Schlass De Colnet d'Huart
-
Kierch
-
d'Schlass Schauwebuerg
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Gare Bartreng-Stroossen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bartreng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 "Les origines" op bertrange.lu; gekuckt 2015-06-05.