Op den Inhalt sprangen

Baby-Boomer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Baby-Boomer, oder Boomgeneratioun, ass déi Generatioun vu Leit, déi tëschent 1946 an 1964 an de westleche Länner gebuer sinn, also nom Enn vum Zweete Weltkrich.

Den Ausdrock geet dorop zeréck, well an där Period d'Geburtequot méi héich ware wéi virdrun oder dono. D'Enn vum Krich (an domat der Onsécherheet virun der Zukunnft) an de materielle Wuelstand, deen dono lues a lues agetrueden ass, waren den Haaptgrond datt nees méi Kanner op d'Welt koumen. D'Enn vum Baby-Boom kann ee kloer un der allgemenger Verbreedung vun der Antibabypëll, zënter der Mëtt vun den 1960er Joren, feststellen. Déi huet et méiglech gemaach, ze plangen, ob oder wéini ee Kanner wéilt kréien.

Och zu Lëtzebuerg léisst sech den Trend vum Babyboom erkennen, och wann e méi moderat ass wéi an anere Länner.[1]

D'Generatioun vun deene Leit, déi tëscht 1950 an 1960 op d'Welt koumen, léisst sech mat verschiddene Charakteristike beschreiwen. Deene meeschten hir Kandheet huet sech zum Deel an den 1950er, 1960er an am Ufank vun den 1970er Jore ofgespillt, eng Zäit vu staarkem Wuelstandswuesstëm, bedéngt duerch den ekonomeschen Opschwong an der Nokrichszäit.[2]

An de 1970er Joren, bedéngt duerch déi global Kris, kënnt et bei villen zu enger Desillusioun, souwuel op psychologeschem wéi op materiellem Niveau. Déi Desillusioun ass och bedéngt duerch déi staark Politiséierung um Enn vun de 60er Joren, mam Héichpunkt am Mee 1968.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Informatiounen iwwer d'Demographie zu Lëtzebuerg
  2. Wey, Claude, La société luxembourgeoise 1944-1974 - Les trente glorieuses, in: Forum 103 Mai 68 - ein Mythos?