Antlia
Date vum Stärebild Antlia | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Loftpompel |
Laténgeschen Numm | Antlia |
Laténgesche Geenitiv | Antliae |
Laténgesch Ofkierzung | Ant |
Rektaszensioun | 9h 27m bis 11h 06m |
Deklinatioun | -24° 30´ bis -40° 25´ |
Fläch | 239 Quadratgrad Rang |
Siichtbar op de Breetegraden | 50° Nord bis 90° |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gràisst |
α Antilae, 4,25m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Hydra |
D'Loftpompel (Latäin: Antlia) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Antlia ass en onschäinbaart Stärebild, dat sech aus liichtschwaache Stären zesummesetzt. Nëmmen den hellste Stär, α Antliae, erreecht déi 4. Gréissteklass.
Eng Observatioun vun deem Stärebild ass ganz schwéier, well et am Fréijoer nëmmen e puer Grad iwwer dem Horizont steet.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille huet am 18. Joerhonnert e puer Plazen a Regiounen um südleche Stärenhimmel en Numm ginn. Am Géigesaz zu de klassesche Stärebiller, déi no mythologesche Gestalte genannt goufen, hunn d'Konstellatioune meeschtens d'Nimm vun techneschem Material, a si kruten d'Nimm zu Éiere vum Otto von Guericke a vum Robert Boyle déi an der technescher Entwécklung grouss Leeschtunge bruecht hunn.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
α | 4,28 | -0,97 | 366 | K4 III | ||
ε | 4,51 | -2,15 | 700 | K3 III | ||
ι | 4,60 | 0,67 | 199 | K0 III | ||
θ | 4,78 | -0,58 | 384 | A7 V | ||
η | 5,23 | 2,66 | 106 | A8 IV | ||
HR 4086 | 5,34 | 2,3 | 132 | A8 V | ||
HR 4313 | 5,43 | -0,63 | 530 | A0 V | ||
AG | 5,44 | -3,68 | 2200 | B9.5 Ib/II | ||
HR 3770 | 5,49 | -1,36 | 760 | K2 III CNII | ||
U | 5,50 | -1,54 | 840 | C5 | ||
δ | 5,57 | 481 | ||||
ζ1 | 5,75 | 372 | ||||
ζ2 | 5,91 | 374 |
Den hellste Stär, α Antilae läit op enger Distanz vun 366 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K6 III.
System | m | Ofstand |
---|---|---|
ζ1 | 5,93 / 6,35 / 7,21 | 8" |
Den ζ1 Antilae ass e Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 372 Liichtjoer.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
U | 5,5 bis 7,1 | onreegelméisseg Verännerlecher |
Den U Antilae ass en déifroude verännerleche Stär vun der Spektralklass C5. Hie läit 840 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. E verännert seng Hellegkeet ouni Periodizitéit.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | aner | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
2997 | 9,4m | Galaxie | |||
3132 | 8,2 | Planetareschen Niwwel | Eight-Burst-Nebula | ||
PGC 29194 | 14,8 | Galaxie |
Den NGC 2997 ass eng Spiralgalaxie vum Typ Sc, där hiren Niveau zu ronn 45° an eis Bléckrichtung gebéit ass.
Den NGC 3132 ass e planetareschen Niwwel. Wéinst senger Form, déi un eng 8 erënnert, gëtt hien och Eight-Burst-Nebula genannt. A sengem Kär ass en Duebelstäresystem.
De PGC 29194 ass eng liichtschwaach Zwerggalaxie, déi zu der lokaler Grupp gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Antlia – Biller, Videoen oder Audiodateien |