Ancha (Stär)
Ausgesinn
Den Ancha (arab. "Hëftknachen") ass den Numm vum Stär θ Aquarii (Theta Aquarii) am Stärebild Aquarius. Den Ancha gehéiert zu der Spektralklass K0 an huet eng visuell Magnitude vu 4,32 mag. Den Ancha ass ronn 190 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.
Den Ancha kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz rar!) och vu Planéite bedeckt ginn.
Koordinaten (Equinoxe 2000)
- Rektaszensioun: 22h14m10s
- Deklinatioun: -8°2'0"