Amiot 143
Konstrukter | SECM Amiot |
---|---|
Typ | Dag- an Nuetsbomber |
1. Fluch |
12. Abrëll 1931 (Amiot 140) |
An Déngscht geholl | 1936 |
Ausrangéiert | 1944 |
Gebaut Fligeren | 138 |
Equipage | |
5 | |
Motorisatioun | |
Motor | Gnome et Rhône 14K Mistral Major |
Zuel | 2 |
Typ |
Stäremotor 14 Zylinder |
Leeschtung pro Motor | 870 PS |
Dimensiounen | |
Längt | 18,94 |
Héicht | 5,68 |
Flillekefläch | 100 m² |
Massen | |
Eidelt Gewiicht | 4 875 kg |
2 720 Liter | |
Max. Startmass | 10 360 |
Fluchleeschtungen | |
Ofrëssvitesse | 120 km/h |
Max. Fluchhéicht | 7 900 m |
Reechwäit | 1 300 km |
Waffen | |
Maschinnegewierer | 4 7,5-mm MAC 1934 |
Bommen | 780 bis 1 600 kg |
Den Amiot 143 war en zweemotorege franséische Bommefliger am Zweete Weltkrich, dee vun der SECM Amiot ënner der Leedung vum Félix Amiot gebaut gouf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Ufank vum Joer 1928 huet de Ministère de l'Air eng Ausschreiwung fir en neie Fliger gemaach. Et sollt ee Fliger fir e puer Mann sinn dee Bombardementer am Dag wéi an der Nuecht konnt maachen. Véier Konstrukteren haten hir Propositiounen eraginn, Blériot, Bréguet, SACP a SECM-Amiot.
Amiot krut den Zouschlag fir säin Amiot 140M (M fir multiplace). Am November 1933 goufe 40 Fligere bestallt plus 2 Prototyppen déi Amiot 142 an Amiot 143 gedeeft goufen. Den 142 gouf no sengem éischte Fluch am Februar 1935 als 143 ëmgebaut.
Dem Amiot, war grad wéi de Bloch MB-131 an aner franséisch Fligere vun där Zäit, wéi en an Déngscht geholl gouf, schonn iwwerlieft. E war am Fligerjargon als bon à rien, mauvais en tout klasséiert.
Vun all den Amiot143 huet een iwwerlieft a steet um Fluchhafen Nantes-Atlantique
Amiot 143 zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]En Amiot 143 huet an der Nuecht vum 11. op den 12. Abrëll 1940, am Ufank vum Zweete Weltkrich, no enger militärescher Loftopklärung iwwer Däitschland, an den Hecken tëscht dem Heinenhaff a Feelen, missen noutlanden. E gouf vum Capitaine Marcel-Pierre Faure, dem spéidere franséische Generol. Vum Dr.Charles Marx a Leit déi him gehollef hunn, ass hien dunn heemlech - Lëtzebuerg war deemools nach en neutraalt Land - zesumme mat sengem Chef-Adjutant Charles Lherbiet a Frankräich zeréckbruecht ginn, wat no der däitscher Invasioun vu Lëtzebuerg e Nospill krut.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Amiot 143 – Biller, Videoen oder Audiodateien |