Aldringerschoul
Déi fréier Aldringerschoul op enger Postkaart vun 1904 | |
Koordinaten |
49° 36’ 39.6’’ N 06° 07’ 35.1’’ O |
---|---|
Datum vum Bau | 1884 |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1974 |
D'Aldringerschoul war eng Primärschoul an der Stad; se louch op der Plaz tëscht dem Boulevard Royal an der Aldringerstrooss, virum Postgebai, do wou vun den 1970er Jore bis 2015 d'Busgare "Hamilius" war.
Historesches
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1881 gouf d'Schoulflicht zu Lëtzebuerg agefouert[1] an et huet missen - nieft deem an der Jofferegässel - en neit Schoulgebai gebaut ginn, fir all d'Kanner aus den neie Quartieren am Weste vun der Stad kënnen z'ënnerriichten.
Mat Ënnerstëtzung vum Félix Narjoux, engem Paräisser Expert um Gebitt vum Bau vu Schoulgebaier, huet de Stadarchitekt Antoine Luja dat neit Schoulgebai 1881 geplangt dat dunn tëscht 1882 an 1884 gebaut gouf.
D'Schoul gouf symmetresch gebaut, mat zwéin identesche Flilleken, ee fir d'Meedercher an ee fir d'Jongen. D'Gebai am neoklassizistesche Stil hat zwéi Stäck an eng Mansard an där en Zeechesall amenagéiert war; am Keller war en Turnsall.
No den hygienesche Virschrëfte vum Collège Médical haten déi 18 Klassesäll all grouss Fënstere fir d'Dagesliicht eran ze loossen an déi héich Zëmmeren hunn et zudeem méiglech gemaach, datt eng gutt Loftzirkulatioun am Gebai war. Toilette goufen et grad sou gutt an der Schoul wéi och an den Häff. Laanscht dem boulevard Royal war e Virgäertchen, deen awer nëmme vum Léierpersonal huet dierfe benotzt ginn.
D'Gebai huet duerch seng Dimensioun a säi Volume un eng Kasär erënnert, absënns well och nach eng héich Mauer ronderëm dem Gebai war; dës Mauer gouf dunn 1927 duerch e Gelänner ersat.
Tëscht dem 30. August an dem 28. September 1914 hat déi däitsch Arméi hire Quartier Général an der Schoul opgeschloe fir vun do aus d'Marneschluecht ze plangen. Nom Zweete Weltkrich war an engem Deel vun der Schoul de Centre d'accueil pour les rapatriés installéiert.
D'Schoul gouf am Mee 1974 ofgerappt[2] fir do de Bau vun enger Busgare z'erméiglechen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt S. 124-125, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4.
- Jean Probst, „L'école de la rue Aldringen“ an ons stad Nr. 20, S. 16, 1985
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Der "Aldringen” im Wandel der Zeit op wort.lu de 27. Mäerz 2019 an ënnert dem Titel „Eine Frage der Perspektive - Der Stadtteil rund um den „Aldringen“ im Wandel der Zeit“ an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 27. Mäerz 2019, S. 24-25
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 20 avril 1881 concernant l'enseignement obligatoire Archivéiert de(n) 04.09.2011. Gekuckt de(n) 15.03.2015.
- ↑ Die Aldringenschule hat ausgedient. Luxemburger Wort (1974-05-31).