AVL-Linn 18
D'Linn 18 bei der Hollerecher Gare (2023) | |
Kockelscheier - Kierchbierg | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Kockelscheier, Patinoire 49°33'55,2154"N, 6°6'30,6702"O |
op | Luxexpo Entrée Sud 49°38'3,9"N, 6°10'12,4"O |
iwwer | Kockelscheier, Gaasperech, Garer Quartier, Uewerstad, Kierchbierg |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | 1. Juni 2015 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 12.870 m, 12.513 m |
Fuerzäit | 42 min, 41 min |
mëttel Vitess | 18,39 km/h, 18,31 km/h |
D'AVL-Linn 18 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 1. Juni 2015 um Trajet Kockelscheier, Patinoire - Cloche d'or - Hollerech - Gare - Stad - Kierchbierg, Luxexpo an zeréck. De 14. Mäerz 2016 gouf den Trajet um Kierchbierg liicht geännert: d'Linn 18 fiert zënterhier vun der Halt Mathias Tresch iwwer de Circuit de la Foire Internationale an net méi iwwer d'Avenue John F. Kennedy op den Terminus Luxexpo Entrée Sud.
Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck tëscht der Gare an der Stad den 3. November 2019 geännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefouert.
D'Linn 18 bedéngt um Aller grad ewéi um Retour 26 Arrêten. Vu méindes bis freides fiert se all 7-8, samschdes all 15 a sonndes all 30 Minutten.
Halten op der Linn 18
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 18 | Bemierkung | |
---|---|---|
Kockelscheuer, P R Patinoire | ||
Kockelscheuer, Camping | ||
Stade de Luxembourg | ||
Schaarfen Eck | ||
Cloche d'Or | ||
Stengege Wee | ||
Gaasperecher Bierg | ||
Hollerich, Gare | Gare Hollerech | |
Lascombes | ||
Alsace | ||
Gare Centrale | Gare Lëtzebuerg | |
Al Avenue | ||
F. D. Roosevelt | ||
Hamilius | ||
Fondation Pescatore | ||
Rout Bréck - Pafendall | Gare Pafendall-Kierchbierg | |
B.E.I. | ||
Jean Monnet | ||
Antoine de St Exupéry | ||
Konrad Adenauer | ||
Avalon | ||
Simone de Beauvoir | ||
Léon Thyes | ||
Mathias Tresch | ||
Poutty Stein | ||
Luxexpo Entrée Sud | Gemeinsamen Terminus mat der Linn 21 |
Entwécklung vun der Linn 18
[änneren | Quelltext änneren]Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 04.06.1952 un ass d'Linn Polvermillen - Zens vun der Stad aus gefuer; si krut den 01.08.1966 d'Linnen-Nummer 18.
- 1971 - 1980: Gare - Stad - Polvermillen - Zens
- 1980 - 1992: Stad - Gare - Polvermillen - Zens - Hamm - Bouneweg - Gare - Stad. D'Linn mat der Nummer 15 ass an der entgéintgesater Richtung gefuer.
- 1992 - 1996: P R Luxembourg/Sud - Gare - Stad - Kierchbierg/Domaine du Kiem
- 1996 - 1999: Cloche d'or - P R Luxembourg/Sud - Gare - Stad - Kierchbierg/Domaine du Kiem
- 1999 - 2001: Cloche d'or - Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy
- 2001 - 2008: Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy
- 2008 - 2015: Kockelscheier/Patinoire - Cloche d'or - Hollerech - Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: AVL-Linn 18 – Biller, Videoen oder Audiodateien |