7. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
De 7. Oktober ass den 280. Dag vum Joer (281. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1642: De La Mothe-Houdancourt schléit d'Spuenier bei Lerida.
- 1741: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Waffestëllstand vu Klein-Schellendorf tëscht Preisen an Éisträich.
- 1949: Déi Däitsch Demokratesch Republik (DDR) gëtt gegrënnt.
- 2000: De Vojislav Koštunica gëtt neie President vu Jugoslawien.
- 2000: De Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg dankt zu Gonschte vu sengem Jong Henri of.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1935: De "Loschbur-Mann", e ronn 8000 Joer aalt mënschlecht Skelett, gëtt am Mëllerdall entdeckt.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1855: Den ireschen Astronom William Parsons entdeckt déi elliptesch Galaxien NGC 67, NGC 69, NGC 71, d'Balkespiralgalaxie NGC 72 an d'Spiralgalaxien NGC 70 an NGC 74.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1972: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:4 géint Italien.[1]
- 1973: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Kanada.[2]
- 1978: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Romain Michaux geschoss.[3]
- 2000: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 1:2 géint Slowenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[4]
- 2006: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Celje, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:2 géint Slowenien.[5]
- 2011: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Zenica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:5 géint Bosnien-Herzegowina.[6]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Niels Bohr
-
Desmond Tutu
-
France Gall
-
Wladimir Putin
- 1760: Jean-Baptiste Servais, Geometer, Architekt a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1885: Niels Bohr, dänesche Physiker.
- 1900: Heinrich Himmler, däitschen NS-Politiker; "Reichsführer-SS".
- 1901: Paul Modert, lëtzebuergesche Forstingenieur.
- 1902: René Nussbaum, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1913: Mathias Berns, lëtzebuergeschen Agronom a Politiker.
- 1916: Emile Maar, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 1916: Walt Whitman Rostow, US-amerikaneschen Historiker an Ekonomist.
- 1917: June Allyson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1919: Georges Duby, franséische Mëttelalter-Historiker.
- 1925: François Maas, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1925: Fred Bertelmann, däitsche Schlagersänger a Schauspiller.
- 1926: Joan Sutherland, australesch Sopranistin.
- 1928: Lull Gillen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1929: Marie-Paule Molitor-Peffer, lëtzebuergesch Fraendoktesch.
- 1931: Desmond Tutu, südafrikanesche Bëschof.
- 1934: Antoine Wehenkel, lëtzebuergeschen Ingenieur an Auteur.
- 1940: Fernand Rau, lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.
- 1945: Petz Lahure, lëtzebuergesche Sportjournalist an Auteur.
- 1947: France Gall, franséisch Sängerin.
- 1950: Marcel Barthel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1951: Enki Bilal, franséische Comiczeechner, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1952: Wladimir Wladimirowitsch Putin, russesche Politiker, President vun der Russescher Federatioun.
- 1955: Yo-Yo Ma, US-amerikaneschen Cellist.
- 1958: Henri Kaudé, lëtzebuergesche Schwëmmer a Sportler op de paralympesche Spiller 1992.
- 1973: Marc Fancelli, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1989: Erik Akkersdijk, hollännesche Champion am Rubik's Cube.
- 1991: Tom Meis, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1994: Antonio Luisi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1996: Lena Goedert, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1845: Michel Mousel, Brauereisproprietär.
- 1849: Edgar Allan Poe, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1959: Mario Lanza, US-amerikanesche Sänger.
- 1963: Gustaf Gründgens, däitsche Schauspiller.
- 1969: Nikolaus Hein, lëtzebuergesche Professer a Schrëftsteller.
- 1974: René Dary, franséische Schauspiller.
- 1981: Nina Lefèvre, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 1983: George Ogden Abell, US-amerikaneschen Astronom.
- 1985: Wolfgang Kieling, däitsche Schauspiller.
- 1995: Gérard de Vaucouleurs, franséisch-amerikaneschen Astronom.
- 2001: Gaby Basset, franséisch Schauspillerin.
- 2009: Irving Penn, US-amerikanesche Fotograf.
- 2011: Fred Karen, lëtzebuergesche Militärhistoriker.
- 2013: Patrice Chéreau, franséische Regisseur a Schauspiller.
- 2014: Siegfried Lenz, däitsche Schrëftsteller.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]- Nationalfeierdag an der deemoleger Däitscher Demokratescher Republik (DDR).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 7. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 7. Oktober 1972 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kanada de 7. Oktober 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 7. Oktober 1978 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowenien de 7. Oktober 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Slowenien-Lëtzebuerg de 7. Oktober 2006 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg de 7. Oktober 2011 op der Websäit vun European Football